"Bella Italia" (8): Toskana = Charme, Harmonie a gudde Wäin

© Steve Müller
Roadmovie duerch Norditalien: Mir bleiwen de Wäiregiounen trei. Aus Südtirol geet et elo nees an de Süden, an zwar an d'Toskana.
Wann ee sech entspanen, liicht kulinaresch Këstlechkeeten zou sech huelen oder villäicht och nëmmen d'Kultur genéissen wëll, dann ass een hei richteg.
D'Geschicht vun der Toskana ass al. Virun bal 3.000 Joer, hu si haut erausfonnt, soll déi toskanesch Kultur enstane sinn.
Den Numm vun dëser Regioun kënnt aus den Zäite vun den Etrusker, déi hirer Regioun den Numm Etrura ginn hunn, spéider hunn d'Réimer et dunn an Tusciana ëmgedeeft, wouaus dunn den Numm Toskana entstan ass.
D'Toskana mat hirer Haaptstad Florenz besteet aus 10 Provënzen. D'Regioun leit zwëschen Nord- a Mëttelitalien um Liguresche Mier. Si huet ronn 3,6 Milliounen Awunner op enger Fläch vun 23.000 km².
D'Toskana ass sonner Zweifel eng vu den bekannteste Géigenden aus ganz Italien. Ob dat elo mat groussen Hollywoodproduktiounen wéi dem Blockbuster Gladiator oder awer méi mat de schéine Landschaften zesummenhänkt, sief hei frech an dohi gestallt ...
Komme mer awer léiwer op d'Landschaften ze schwätzen. Zu enge vun de Schéinste gehéiert de Val d'Orcia bei Siena. D'Unesco huet dës Regioun zum 2004 Weltierwen ernannt.
Ob elo Landschaft oder Film, d'Toskana huet och nach vill aner Sehenswierdegkeeten ze bidden. Eng vun de Weltbekannten ass ouni vill mussen ze erklären de schiefen Tuerm vu Pisa. An och d'Alstied vu Florenz, San Gimignano a Pienza, déi alleguer ënner Denkmalschutz stinn, sinn en Ausfluch wäert.

Et ass net verkéiert ze soen, datt wann een an d'Toskana reest, da muss e sech vill Zäit huelen. Bei ville Stied, wéi zum Beispill Civita, bekannt als "Stad, déi stierft" oder och d'Poopststad Pienze kann e sécher ee ganzen Dag (a méi) aplangen.
Well all Stad huet hiren eegene Charme an och hire eege kleng Geheimnisser. An natirelch hir romatesch Ecke mat klengen Bistroen a gemittleche Restauranten. Et huet een dës ëfteren mol den Androck, wéi wann d'Zäit stoe bliwwe wär.
Awer net nëmme Landschaften oder déi schéi Stied an Dierfer maachen d'Toskana bekannt. Wien den italienesche Wäi gären huet, ass hei goldrichteg.

Am sougenannte Chianti-Dall befanne sech en ettlech Uertschafte - wéi Montepulciano -, déi sech intensiv mat der Produktioun vun éischtklassege Wäiner, déi aus Sangiovese-Drauwe gemaach ginn, beschäftegen. Zu de renomméierte "Wäinproduzenten" gehéiert d'Uertschaft Montalcino.
Komme mer zum Schluss awer nach eng Kéier bei den Film zeréck. Eng bekannten Zeen mam Russel Crowe ass bei Terrapille, am Val d'Orcia, no bei Pienza, gedréint ginn. Do geet et elo e Grupp vun Zypressen, déi elo Gladiatoren heeschen.