Japan: De Fuji dierft am Juni Welt-Ierwe vun der Unesco ginn

Deen héchste Vulkan vum Land, deen zum Symbol fir dee ganzen asiateschen Inselstaat ginn ass, ass um gudde Wee, fir op déi begierte Lëscht ze kommen.
Am Juni dierft et fir de Fuji-san, wéi d'Japaner soen, esou wäit sinn, nodeems de Bierg vun engem Spezialcomité als "admissible" fir d'Lëscht vum Welt-Kultur- an -Natur-Ierwe jugéiert gouf. Dat huet déi japanesch Regierung matgedeelt.
De Fuji ass 3.776 Meter héich a gëllt als Meeschterstéck vun der Iconographie vum Land. An de Wierder vun der Noriichtenagence AFP héiert sech de Fuji-Eloge esou un:
Symbole de l'archipel, le Mont Fuji (Fuji-san pour les Nippons), qui culmine à 3.776 mètres, est une pièce maîtresse de l'iconographie du Japon, l'emblème des paysages traditionnels japonais, un lieu culturel autant sinon plus qu'un site naturel.
Op enger Unesco-Reunioun am Juni am Cambodge dierft de Vulkan mat der perfekter konescher Form an de Regëster opgeholl ginn.

De Vulkan ass iwwregens nach aktiv a suergt ënnert anerem derfir, datt et an der Regioun ganz vill waarm Quelle ginn. Seng lescht Eruptioun ass awer ronn 300 Joer hier. D'Fuji-Gebitt ass eng 70.000 Hektar grouss a läit eng 100 km südlech-westlech vun Tokio.

De Fuji wier dee 17. Site vum japaneschen Archipel op der Unesco-Lëscht, op där bis elo 962 Plazen agedroe sinn:
La Liste du patrimoine mondial est régi par un traité international destiné à "encourager l'identification, la protection et la préservation du patrimoine mondial culturel et naturel considéré comme ayant une valeur exceptionnelle pour l'humanité".
