Mat dësem Sproch mécht den Zoo vun Amnéville Reklamm. An dat ass net iwwerdriwwen.

Eng schéin Anlag, déi aus villem Gréngs besteet, woubäi honnerte vu Banannestauden oder aner exotesch Planze geplanzt sinn an dat op engem Areal vu 17 Hektar.

Zu den Attraktiounen ziele Raubdéieren an iwwer 60 verschidden Aarte vun Gréifvullen. Am Joer 2012 gouf de Camp vu de Gorillaen ageweit, wou 8 männlech Gorillae liewen. Dëst Joer, am Abrëll, konnten déi Verantwortlech en neie Familljemember virstellen an zwar de berühmte wäisse Léiw. Flott nozekucken ass och d'Fiddere vun de Pinguinnen, Äisbieren, Robben oder Nilpäerd.

Eng aner nei Attraktioun ass de klenge Bauerenhaff am Bësch. Do kënne Kanner an natierlech och déi Erwuesse spilleresch  léieren, wéi sech d'Liewen um Bauerenhaff ofspillt. Kanner kënnen do Déiere fidderen a heemelen, woubäi déi méi grouss Kanner un enger Plastikskou, déi „Lorraine“ heescht, probéiere kënnen, Waasser an en Ëmmer ze kréien, esou wéi de Bauer et mat der Mëllech mécht ... oder gemaach huet. An dësem Bauerenhaff kann een och Déiere bewonneren, déi leider vum Ausstierwe bedrot sinn.

RTL

Dass vill Wäert op Pädagogik geluet gëtt, weist e Léierwee, deen duerch de ganzen Park geet. Hien erkläert op 300 Erklärungstafelen, déi verschidde Beräicher, wat de Liewensraum vum Deier ugeet oder wat fir eng Bedeitung do Botanik huet.

An dësem Zoo, deen a privaten Hänn ass, liewe bal 2000 Déieren, déi vun de 5 Kontinenter kommen. Dem Zoo seng Philosophie läit doranner, nëmmen Deiere bäi sech opzehuelen, déi entweder an aneren Zooen oder an Zuuchtariichtunge gebuer sinn. Saisonbedéngt schaffe bis 190 Mataarbechter am Park.

Am Joer 2012 hunn iwwer 600.000 Leit den Zoo, deen 20 km hannert Thionville läit, besicht. Dass den Zoo sech och an d'Verantwortung hëlt, wat de Schutz vun Déieren ugeet, weist eng flott Bilanz: An de leschten 10 Joer huet den Zoo méi wéi 2 Milliounen Euro u Projeten, déi den Déiereschutz ënnerstëtzen, gespent. En Deel dovunner kënnt vum Entrée, deen d'Leit bei hirem Besuch bezuelen. Den Zoo ass u 16 Programmer vun esou Organisatioune bedeelegt.

Den Zoo ass d'ganzt Joer op. Vu Lëtzebuerg aus ass zirka 1 Stonn ze fueren an dat am beschten iwwer d'A31 Richtung Metz.

RTL

E Besuch am Zoo vun Amnéville ass empfehlenswäert, awer et däerf een net vergiessen, dass et awer nëmmen en Zoo ass ...