"Alle Wege führen nach Rom." No de klenge Reesberichter iwwer "Bella Italia" läit et also op der Hand, datt mir der Haaptstadt dat leschte Kapitel widmen.

D'italienesch Metropol mat bal 6 Milliounen Awunner ass, wann een der Geschicht gleewen dierf, den 21. Abrëll 753 viru Christus vum Romulus gegrënnt ginn. Ob den Numm Roum elo vum Romulus hirkënnt, ass awer ongewëss. Et gi verschidden Theorien doriwwer, et géng jo noleien ... mee vläit ass de Grënnungsmythos jo och eréischt laang no der Grënnung entstanen.

Am Ufank vu senger Geschicht war Roum ee Kinnekräich. No der Verdreiwung vum leschte Kinnek am Joer 509 v. Chr. ass aus der Stad eng Republik ginn. Am éischte Joerhonnert v. Chr. war Roum schon eng Milliounenstad a war souwuel geographesch wéi politesch den Zentrum vum réimesche Räich.

Ee schwaarzen Dag an der Stad-Geschicht war dee grousse Brand am Joer 64 ënner dem Kaiser Nero, deen den Ausbau vu Roum staark gebremst huet. Duerno ass et an der Geschicht vun Roum ëmmer méi biergof gaang. Ëm 530 waren et nëmmen nach 100.000 Awunner, déi an der Stad mat de 7 Hiwwele gelieft hunn.

RTL

Eréischt wéi Roum de Mëttelpunkt vun engem Kierchestaat an engem Wallfahrtszentrum ginn ass, ass d'Zuel vun den Awunner nees geklomm. Mee et huet bis an 20. Joerhonnert gedauert, bis Roum erëm zu enger Milliounestad ginn ass - an dem et bannent 100 Joer seng Awunnerzuel méi wéi verzéngfacht huet.

An der Zäit vun der Renaissance an dem Barock huet d'Stad een neit Bild vu sech ginn, dat vill vu Kierche geprägt ginn ass. Sou gesäit Roum och nach hautzedags aus - d'UNESCO huet d'Réimesch Alstad niewent dem Vatikan als 2. Weltkulturierwen unerkannt.

Eng vun den gréisste Kulturstied aus Europa

D'Stad Roum, déi um Floss Tiber läit, huet esouvill Sehenswierdegkeeten, dass ee si mol dann net alleguer opzielen kéint, wann een et maache wéilt.

Déi vläicht kuckeswäertste Saache kommen aus der Zäit vun den Ale Réimer. Dat geet vum Pantheon bis zum weltbekannte Kolosseum, deem gréissten Amphitheater aus der Antike, wou fréier Gladiatorekämpf stattfonnt hunn. Zënter 1999 ass dëst imposant Bauwierk d'Monument vun der Doudesstrof. All Kéiers, wann ee Land op dëser Welt dës Strof ofschaaft, gëtt de Kolosseum 48 Stonnen hell beliicht.

Aner berühmte Bauwierker, déi an all Reesguide stinn an déi en natierlech net vergiesse soll, sinn d'Piazza Navona, d'Fontana di Trevi an natierlech d'Piazza di Spagna, déi mir als "Spuenesch Trap" kennen.

RTL

Et ginn Honnerte vu Monumenter, Denkmäler a Gebaier, déi een zu Roum fënnt an am léifste besiche goe willt. A mindestens ee ganzen Dag aplangen soll een, wann de Vatikan um Programm vun de Visitë steet. Laang Waardeschlaange fir an d'Sixtinesch Kapell oder an de Péitersdoum muss ee je nodeem wéi a Kaf huelen (am beschte ganz fréi u sinn!).

Iwwerhaapt soll ee sech vill Zäit huelen, fir Roum ze entdecken, een oder zwee Deeg ginn do ni duer - finalement wëll ee jo d'Éiweg Stad net nëmmen am Sprint kucken, mee och genéissen ... kulturell wéi kulinaresch ;-)