"Bella Italia" (4): Bei d'Bierger an den Ötzi op Bozen

Op där zentraler Plaz vu Bozen. / © Luc Marteling
An eisem Roadmovie duerch Norditalien steet haut eng Iwwergangsetapp um Programm. Vun elo un ass net méi Ferrara, mee Bozen eisen Ausgangspunkt.
Äddi Ferrara! Vun der gemitterlecher Vëlosstad bal direkt um Po geet et Richtung Norden, Richtung Südtirol. Bozen, op Italienesch Bolzano, heescht dat nächst Zil vun eiser Rees. De Wee dohinner kann ee sech verséisse mat e puer Eskalen ënnerwee. Zwar huet ee ni Zäit, se all ze maachen, ma aleng de Klang vun méigeleche Site mécht ewell Loscht drop.
D'Autobunn bréngt ee quasi automatesch op Padua, Verona, de Garda-Séi an Trento. Natierlech kann een och nach séier en Ofstiecher un d'Adria maachen: Venedeg läit quasi ëm den Eck (wier awer vläit e bëssi schued, et an e puer Stonnen ofzehandelen) oder eben Chioggia (vill méi kleng, manner renomméiert, awer net forcément manner schéin - cf. deen zweeten Artikel vun dëser Serie).

Vu Ferrara op Bozen: Escale kinnt ee méi wéi eng maachen ... / © Google Maps
Egal, fir wéi ee Wee ee sech entscheet, fir dat, wat ee lénks leie léisst, deed et engem ëmmer leed. Zum Beispill fir d'Wäigebidd Valpolicella, vu wou ënnert anerem dee leckeren Amarone kënnt. Et läit nërdlech vu Verona, et wier also guer net wäit, mee et huet ee keng Zäit. An do, wou een hi fiert, ginn och exzellent Wäiner gemaach - also weider!
Bozen, d'Haaptstad vu Südtirol am Dall vun der Etsch - op Italienesch Adige, dofir heescht Südtirol op Italienesch dann och "Alto Adige" (Uewerlaf vun der Etsch) - ass just dat offiziellt Zil vun der Rees. Wien et ganz genee wësse wëll: Geschlof gëtt zu Jenesien, dat en ettlech Meter iwwer Bozen läit, op enger Alm mat grandiosem Bléck op Dall an Dolomiten.

De Wee vu Bozen erop op Jenesien. / © Google Maps
Fir dohin ze kommen, muss ee sech fir d'éischt duerch Bozen kämpfen an dann de klenge Wee am "Sarntal" net verpassen. Iwwer vill enk Kéieren, ronn Tunnellen a aventuriéis Brécke geet et de Bierg erop - an dann ass een no knapp 10 km endlech do. An een eenzege Bléck entschiedegt fir d'Strapaze vum net onkomplizéierte Wee.
Ja is denn heut scho ... ?
Interessant och de Bléck vun der Madame am Hotel: "Wéi dann, Dir sidd schonn haut hei, Dir hutt dach eréischt vu muer u reservéiert. A mir hunn näischt méi fräi." Domm gaang ... mea cupla. D'Offer, an de Vestiairë vun der Sauna ze schlofen, gëtt awer ausgeschloen, an engem aneren Hotel op der nämmlechter Alm ass nämlech nach en Zëmmer fräi an d'Madame aus dem Haus ass esou léif, et net nëmmen ze reservéieren, mee eis esouguer nach dohin ze bréngen; bei d'Konkurrenz ...
A wat wëll ee méi? Mat deem Geschéck bleiwe mir elo eng Woch méi laang a Südtirol. Eppes Besseres kann engem jo guer net passéieren :-)
Ötzi als Touristemagnéit
Bozen ass déi gréisste Stad a Südtirol, huet awer net den Numm wéi Meran, eng Kurstad ronn 30 km dovun ewech. Dofir huet Bozen zënter e puer Joer den Ötzi, deen elo am grousse Musée matten am Zentrum ausgestallt läit. Kuckeswäert soss nach: déi wonnerbar zentral Piazza mat enger markanter Kierch, e puer flott Gaasse mat flotte Butteker an ee ganz flotte Park, wou op waarmen Deeg natierlech och eng mobil Gelateria net feelen dierf.
Ee Wee laangscht d'Etsch féiert bei d'Seelbunn, déi Bozen mat Jenesien verbënnt. Et gesäit ee Buergen, Kierchen a vill vill Wéngerten. Uewen op der Alm gëtt et géint der Owend roueg, da kann een an engem vun de sëlleschen Hotele säin Apperitif drénken a sech op d'Owesiesse freeën - natierlech mat regionale Produiten a lokale Wäiner. Schliesslech wëll ee sech stäerken, fir deen aneren Dag wanderen ze goen!

An esou geet et weider an eiser Reesserie: Wa mir schonn an engem Wanderparadäis sinn, da gëtt och gewandert - an zwar op de "Sarntaler Alpen". Dono geet et dann op d'Buerg vum Reinhold Messner an en Trip op de Gardaséi dierf natierlech och net feelen ...