Nambia: En onbekannt Land dat ze begeeschtere weess!

Wou läit Namibia? Eng Fro op déi sécher vill Lëtzebuerger keng präzis Äentwert wëssen. Iergendwou an Afrika? Mä wou? Mir huelen Iech mat op d'Rees!
Bis 1990 huet een dat afrikanescht Land am Atlas ënner "Südwestafrika" fonnt, well eréischt zënter 23 Joer ass Nambia onofhängeg. Nieft dem Biergbau ass den Tourismus de wichtegsten Deel vum wirtschaftlechen Akommes.
Mir huelen Iech mat op eng Rondrees, déi Iech wäert iwwerraschen, begeeschteren a villäicht esouguer eng Kéier an dëst aussergewéinlecht Land féieren...
Départ an der Haaptstad Windhoek

Wee sech eng afrikanesch Metropol erwaart, wäert vu Windhoek erstaunt sinn. D'Haaptstad, déi 1890 gegrënnt ginn ass, huet ronn 320.000 Awunner - ongeféier esou vill wéi Bonn oder Lille. Op den éischte Bléck fält engem op, wéi propper d'Stroossen am Zentrum hei sinn. Do fënnt ee kee Pabeier an och keen Hondsdreck um Buedem.
D'Wouerzeeche vun der Stad ass d'Christuskirche, déi Ufank vum 20. Jorhonnert gebaut ginn ass. Op a ronderëm d'Independence Avenue fënnt een eng ganz Rei Geschäfter, déi vun däitsche Librairien, iwwer Kleederbutteker bis zu Souvenirsgeschäfter ginn.
Richtung Marienthal an d'Kalahari (267 km)

Weider fuere mir a Richtung Süden - eng éischt Kéier un de Bord vun der Kalahari-Wüst, déi sech iwwer 6 Länner an 1.2 Millioune km2 erstreckt. Zum gréissten Deel besteet si aus fäinem roude Sand.
Vill Hoteller proposéiere kleng Sundowner-Fahrte mat engem 4X4, wou ee bannent e puer Stonnen d'Flora an d'Fauna aus der Géigend kann entdecken. Ganz flott ass och den Aperitif, deen ee bei engem beandrockende Sonnenënnergang matten an der Wüst offréiert kritt. Wichteg: Op jidde Fall eng Jackett mathuelen, well soubal d'Sonn fort ass, gëtt et richteg frësch.
Quivertree Forest a Keetmanshoop (231 km)

1955 ass de Quivertree Forest (däitsch: Köcherbaumwald) zum nationalen Denkmal ernannt ginn. Esouwuel de Bam, wéi hei och de ganze "Bësch" stinn ënner Naturschutz. Schätzungen no sinn dës Beem 200-300 Joer al a bidden en aussergewéinleche Panorama.
Fishriver Canyon (163km)

Nieft dem Grand Canyon an den USA, ass de Fishriver Canyon am Süde vun Namibia den zweetgréisste Canyon op der Welt. Namibianeschen Autoritéite kann et hei am afrikanesche Summer bis zu 50°C waarm ginn. Wee sech de Canyon also wëll ukucken, ass gutt beroden an de Wanterméint (Mee bis September) op dës Plaz ze goen.
Lüderitz (422km)

Ween Zäit a Loscht huet, ka fir een Dag och an d'Hafestad Lüderitz fueren, déi 1883 vum däitsche Geschäftsmann Franz Adolf Eduard Lüderitz gegrënnt gouf.
Sossusvlei (465km)

Déi gréisst an eelst Sanddüne vun der Welt fënnt een zu Sossusvlei. Ween déi wëll besichen, huet am Beschte fréi un ze sinn, well daagsiwwer klammen d'Temperaturen op iwwer 40°C an de gliddege Sand reflektéiert dës Hëtzt zousätzlech.
Nieft Sossusvlei gëtt et awer och Deadvlei, eng Plaz déi aus verschiddene Filmer (ënner anerem "The Cell" mam Jennifer Lopez) bekannt ass.
Och wann et hei richteg gutt waarm ass, sou soll een awer am Beschten zoue Schung a méiglecherweis och eng laang Box undoen, schliisslech sëtzen am Sand Spannen a Skorpiounen, déi zwar schei sinn, a sech awer mol en Touriste-Fouss kënnen eroptrauen. Drénkwaasser net vergiessen!!
Solitaire (83km)

Ween e klenge Stopp tëschenduerch wëll maachen, fir deen ass d'Uertschaft Solitaire eng gutt Adress. Hei fënnt een e Restaurant, eng Tankstell an eng Bäckerei, déi fir hir gutt Leckereie bekannt ass.
Walvis Bay a Swakopmund (232km)

Eng vun de gréisste Flamingo-Reservë vun Afrika fënnt een an der Uertschaft Walvis Bay. Hei kann een honnerte Vigel mat hirem Nowuess observéieren.

Nëmmen e puer Kilometer nördlech dovu läit Swakopmund, d'Vakanzen-Destinatioun vu villen Namibianer. Hei ass den Afloss vun der däitscher Kolonisatioun besonnesch staark ze spieren. Am Zentrum fënnt ee vill léif Souvenirsgeschäfter a Restauranten. Um Maart kritt een tippesch namibianesch Artikelen, vergiesst awer net ze handelen!
Khorixas am Damaraland (310km)

Ënnerwee an den Etosha Nationalpark ass d'Uertschaft Khorixas eng gutt Geleeënheet fir z'iwwernuechten. Hei gëtt et eng Bank, e Spidol, e Supermarché an eng Tankstell. Zousätzlech ass et e gudden Ausgangspunkt fir verschidden touristesch Ausflich wéi de Petrified Forest oder déi sougenannten Uergelpäifen.
Den Etosha Nationalpark (210km)

En absolutten Highlight op all Namibia-Rees ass den Etosha-Nationalpark. Mat iwwer 22.000 km2 ass dëst dat gréisst Naturschutzgebitt vum Land an dat zweetgréisst um afrikanesche Kontinent.
Ween an de Park era wëll, kann dat vu Sonnenopgang bis Sonnenënnergang. Duerno muss een zréck am Hotel oder aus dem Gebitt eraus sinn, soss muss ee mat enger Geldstrof rechnen.
Wann et am Ufank vum 20. Jorhonnert nëmmen nach ganz wéineg Elefanten hei gi sinn, sou fënnt een där awer elo nees ganz vill. Mat e bësse Chance kann een och Léiwen, Hyänen, Schakalen a Rhynocerosse gesinn. Am Beschten et waart een am spéiden Nomëtte bei de verschiddene Waasserlächer, well do ginn all d'Déiere sech Rendez-Vous.
Namutoni oder Tsumeb (250km)
Eraus aus dem Park kann ee verschidde Weeër fueren. Ma ier ee weider fiert gënnt ee sech am Beschten eng Nuecht an enger Lodge oder engem Hotel an der Géigend vum Park. Well d'Distanzen tëschtent den Uertschafte sinn dacks laang a spéitstens elo weess een, datt se och net ëmmer liicht ze fuere sinn.
Otjiwaarongo (183km)

Zréck an d'Haaptstad kann een iwwer Otjiwaarongo fueren. Eng Uertschaft an där een alles fënnt wat ee brauch.
Eng ganz gutt Geleeënheet Geparde vun no ze gesinn, ass en Ausfluch an den "Cheetah Conservation Fund". Hei kënne Farmer verletzte Grousskazen ofginn. Si ginn nees opgepäppelt a kënnen op groussen Terrainen ënner Aartgenosse liewen.
Zréck op Windhoek (249km)