Et ass definitiv näischt fir Leit, déi ënner Klaustrophobie leiden: A Japan gëtt et Hotelszëmmeren, déi net vill méi si wéi e besseren Tirang mat Matrass.

Wann een an enger Noutsituatioun ass, da kommen engem oft déi beschten Iddien. Vläicht steet dat bekannte Spréchwuert och am Ufank vun de Kapsel-Hotelen - enger japanescher Eegenaart, fir dem akute Plazmangel a verschiddene Groussstied ze entkommen.

Den Touriste bidde si d'Geleeënheet, eng authentesch Experienz am Reesland ze maachen, ouni vill Sue mussen auszeginn. Eng Nuecht an enger "Capsule" ass nämlech net deier, virun allem net am Verhältnis zu anere Präisser a japanesche Groussstied.Firwat dat esou ass, dat ass schnell erkläert: An engem Kapsel-Hotel schléift een net an engem Zëmmer, mee just an enger - Dir hutt et erroden - "Kapsel".

Mä der Rei no.

Wien d'Kapsel-Hotel, fir dat e sech entscheet huet, dann endlech fonnt huet (dat ass guer net esou einfach, wann ee kee Japanesch versteet), dee gëtt fir d'éischt emol mat den Traditioune vum Land konfrontéiert.

RTL

Schong aus, dat ass dat éischt, wat ee mat den Hänn signaliséiert kritt. An da kritt een e Schlëssel dohi gehal, fir seng Schong kënnen an e klenge Schaf ze spären. An dee Schlëssel muss een dann dono direkt nees an der Receptioun ofginn. Obschonn ee nach guer net gekläert huet, datt een am Hotel - vun deem ee nach glat a guer näischt gesinn huet - iwwernuechte wëll, kënnt een also scho bal net méi fort.

Da gëtt sech esou gutt et geet op de Präis gëeenegt an dofir kritt een dann en anere Schlëssel. E vun engem Spint. Do leet een alles dran, wat ee bei sech huet. Alles! En fin de compte leeft een nach just an engem Buedmantel ronderëm. Dee läit nämlech an all Spint prett. Et kéint ee bal mengen, et wier een an engem Prisong, esou schmuel sinn d'Gäng a jiddereen huet déi nämmlecht (blo) Tenue un.

Da geet et op d'Sich no senger Kapsel. Et krut ee just eng Nummer, eng Nummer vu sengem Zëmmer oder besser: sengem Bett. Dat Ganzt ass ronn 1 Meter breet, 2 Meter laang an 1 Meter héich. Dora kann een da seng Nuecht verbréngen. Entweder ënnen oder uewen. Déi Kapsele fëllen nämlech ganz Zëmmeren, vum Buedem bis zum Plafong, vun der enger Mauer bis bei déi aner. Et gëtt keng Plaz verschwent!

Hoffentlech entsteet kee Feier ... denkt ee nach.

An deenen eenzelen Dortoiren geet et ganz roueg zou. Aus verschiddene Kapselen héiert een ee schnaarchen, an aneren leeft nach d'Tëlee. Jo, all Zëmmerchen huet eng Tëlee, e Radio mat Wecker an eng Klimaanlag. An natierlech eng Matrass, eng Decken an e Këssen. That's it!

An: Dat geet am Fong och duer.

Ouni Klaustrophobie kann ee wierklech eng korrekt Nuecht an esou engem spartaneschen Hotel verbréngen.

An datt vun der Méiglechkeet wierklech vill Leit, virun allem vill Employéen, déi vu méi wäit hier kommen, profitéieren, dovu kann ee sech moies iwwerzeegen, wa sech virun all Spint a Spigel erausgefiizt gëtt.

Nach e klengen Detail: Dir wëllt dat eemol ausprobéieren? Kee Problem! Just: Déi meeschte "Capsule Hotels" si Männer virenthal. Fraen dierfe do net eran, zumindest net fir ze schlofen, well wann am Kapsel-Hotel och eng Sauna oder e Massagëberäich integréiert ass, da sinn do selbstverständlech hëllefsbereet Damme sur place, fir no de Gäscht ze kucken. Net ganz logesch, mä wouer.

RTL