Jo, et gëtt si wierklech a si ass wahrscheinlech eng vu de bekanntsten Adressen an der Kriminalgeschicht: 221B Baker Street.

Et muss een net Bréifdréier vu London sinn, fir ze wëssen, wien do wunnt oder gewunnt huet oder éischter gewunnt hätt: de Meeschterdetektiv himself, de Mister Sherlock Holmes.

Den Detektiv a säin treisten Assistent, den Dokter Watson, hunn am dësem Studio zwëschen 1881 a 1904 gelieft an dobäi déi komplizéiertste Fäll geléist. Dat an de Geschichte vum Sir Arthur Conan Doyle. D'Haus am viktorianesche Stil gouf 1815 gebaut a steet haut ënner Denkmalschutz. D'Strooss läit an der City vu Westminster.

Dat bekannten Haus verdeelt sech op 4 Etagen. Klëmmt een déi 17 Trapen erop, fir op den éischte Stack ze kommen, dann huet een dat verréckte Gefill, zeréck an déi al Zäit versat ze sinn an et waart een drop, dass al Moment den Detektiv géif erakommen a géif froen, wou de Mord geschitt ass.

Um 1. Stack ass dat berühmten Aarbechtszëmmer vum Duo Holmes a Watson. De Raum ass detailléiert nogestallt, sou wéi en an den Erzielunge beschriwwe gëtt. Kuckt een zur Fënster eraus, dann huet een e Bléck op d'Baker Street. Visiteure kënne sech ganz bequem op d'Fotell setzen a sech fotograféiere loossen. Flott sinn och déi bekannten Utensilien aus dem Liewe vum Sherlock Holmes. Et sinn dat säi Violon, seng Päif, seng Lupp an natierlech seng bekannte Kap. Dass hien a sengem Aarbechtszëmmer och vill gefuerscht an ausprobéiert huet, bleift net verstoppt. Iwwerall leie Chemikalien, Reagenzglieser a vill anert Material, dat een normalerweis an engem Labo fënnt.

RTL

Um nächste Stack sinn d'Zëmmer vum Dr. Watson a vu der Haushälterin, der Mrs. Hudson ageriicht.

Um drëtte Stack ass eng Sammlung vu Wuessfiguren, déi den Detektiv a senge Geschichten ëmmer erëm begéint huet. Do däerf natierlech de Professer Moriarty net feelen - dem Holmes säi geféierlechste Géigner.

Um 4. Stack ass en Ofstellraum a eng Toilette.

Niewent dem Haus ass e klenge Shop, an deem ee vill Literatur, wat den Holmes betrëfft, kafe kann, an natierlech och Souveniren a aner Fanartikel. Den Entrée vu 6 Pond, fir an dat bekanntent Nopeschhaus ze kommen, kann een do och bezuelen. No enger Visite vum Haus kann ee sech nach virun der Dier fotograféiere loossen an dat mat engem Bobby aus der Zäit vum Meeschterdetektiv Sherlock Holmes.

RTL

Vum Picadilly Circus sinn et 6 Minutte bis zur Baker Street Underground Station an dat mat der Bakerloo Line. Och S Sightseeing Busser bleiwen do stoen. An d'Madame Tussaud wunnt 5 Minutten ewech vun der Baker Street.

De Stop vun der Bakerloo Line identifizéiert sech vill mat dem berühmte Locataire aus der Baker Street. Iwwerall op de Mauere vu der Statioun si Biller vum Sir Arthur Conan Doyle sengem Detektiv hannerlooss.

Bei der Sortie aus der Statioun erbléckt een direkt eng grouss Figur vum Sherlock Holmes, déi de Wee an d'Baker Street weist: Backerstreet 239, déi richteg Adresse vum Haus an der Baker Street 221b.