Roadmovie duerch Norditalien? Haut ass et éischter eng Wandergeschicht, well vu Jenesien aus ass et e Kazesprong op e puer immens schéi Wanderweeër!

Um Programm stinn déi Kéier 2 Wanderungen an dem Dolomiten, op der Alm mam Numm Salten. De Choix fält natierlech schwéier, wann een esou eng Auswiel huet, mee egal, wat fir ee Wee ee wielt, et bereit een e sécher net - an dat ass jo d'Haaptsaach.

Wéinst de Kanner goufen hei 2 Weeër geholl, déi a 5 bis 6 Stonne ze maache sinn, mat längerer Mëttespaus ...

Déi éischt geet vum Parking Langfenn bis erop bei d'Sattlerhütte, wou dann och Mëtteg gemaach gëtt, déi aner geet vum Restaurant Edelweiss bis bei d'Langfenn, eng Hütt wonnerbar geleeën op engem Hiwwel, wou ee sech vun de Wanderstrapazen erhuelen an Energie fir de Réckwee tanke kann.

RTL

Bei der zweeter Wanderung handelt et sech ëm e Wanderwee, deen déi lokal Soen thematiséiert, wat besonnesch bei Kanner gutt ukënnt.

RTL

Well dës Fotoen ëm Ouschteren 2009 gemaach goufen, dierfen natierlech déi vill Krokussen an de Bierger net ze kuerz kommen. Net ëm soss ginn extra "Krokus-Wanderungen" ugebueden, dat Ganzt an enger duerchaus renomméierter Wandergéigend - iwwerzeegt Iech selwer!

RTL