"Bella Italia" (6): Op de Spuere vum Reinhold Messner

Roadmovie duerch Norditalien: Eise sechsten Deel versteet sech als kleng Reverenz un de Reinhold Messner an u säin neiste Projet - MMM ...
"Dem Berg und dessen Kultur hat Reinhold Messner ein Museumsprojekt mit fünf ungewöhnlichen Standorten in der grandiosen Landschaft der Alpen gewidmet. Das Messner Mountain Museum ist eine Begegnungsstätte mit dem Berg, mit der Menschheit und letztlich auch mit sich selbst."
Esou steet et op der Internetsäit vun MMM an esou ass et och. Mee méi beandrockend wéi déi virtuell Welt ass natierlech déi real, virun allem an esou enger grandioser Géigend wéi Südtirol ...
Jo, mir sinn also nach ëmmer zu Jenesien, dat op enger Alm iwwert der regionaler Haaptstad Bozen (Bolzano) trount. A wéi iwwerall a Südtirol, esou ass och hei de Reinhold Messner omnipresent. Egal, mat wiem ee schwätzt, jidderee weess eppes vun him ze erzielen. Finalement ass de Messner aus Südtirol an e wunnt och do. D'Regioun huet him vill ze verdanken, dat ass kloer. An eent vu sengen Haiser, vill méi ee Schlass, ass och ze besichtegen. Awer der Rei no!

Am südlechen Ausgang vu Bozen a Richtung Kaltern, wou mir déi aner Woch och wäerten hifueren, gëtt et - op enger Knupp ënnen am Dall - déi grouss Buerg Sigmundskron. Si ass haut eng vu 5 Plazen, an deenen de Messner ee Museum integréiert huet. Hiren Numm: MMM Firmian. Hir Vocatioun: "In einem Rundgang werden Bilder der berühmtesten Gipfel gezeigt und auf dem 'Tanzplatz der Götter' thronen geheimnisvolle Figuren aus verschiedenen Gebirgen der Erde."
Fiert ee weider op der Autobunn, net no Süden, mee no Westen, Richtung Rechenpass, kënnt ee geschwënn bei eng weider Buerg - MMM Juval. Si läit matten am Vinschgau, anscheinend där héchster Plaz an Europa, op där Uebst ugebaut gëtt, ganz gutt Uebst iwwregens!
Den Auto muss een ënne loossen an da kann een entweder zu Fouss eropkraxelen oder et fiert ee mat engem Minibus bis quasi bei d'Buerg. Dat ass awer just eppes fir Leit mat gudde Nerven, well de Bus klëmmt ee ganz géie Bierg erop - a wou et géi biergop geet, geet et och géi biergof ...
Op "Schloss Juval" verbréngt de Messner all Joer e puer Méint a wann en net do ass, da kann een d'Buerg visitéieren. Awer just mat enger Féierung. Ze gesi gëtt et e Sammelsurium vu Mitbringsel vum Messner aus der ganzer Welt. Ee flotte Site, eng interessant Geschicht, mee virun allem eppes fir richteg Messner-Fans.
Et kann een och uewen iessen, an engem klenge Gasthof ginn "zünfteg" Lokal- a Regional-Produite preparéiert. Dorënner och Wäin aus den Drauwe vum Bierg; dee kann awer mol liicht sauer sinn ;-)

Wien nach Zäit huet, dee ka säi Wee fortsetzen an erop an déi richteg Bierger fueren, zum Beispill bei den MMM Ortles, ee klengen ënnerierdesche Musée uewen zu Sulden um Ortler-Bierg. Ze gesinn hei: Eng Rëtsch Biller aus der Biergwelt - an net ze vergiessen de Gasthof Yak & Yeti, ganz "ureg" ... a mat e bëssi Chance leeft engem do dann nach de Reinhold Messner himself an d'Gräpp. Grad esou, wéi een e sech virgestallt huet, wéi wann e frësch vum Bierg (engem klengen) geklomm wier. Vill Zäit huet de Mann net (mir geet et zelwescht), mee fir eng Foto ass awer nach Zäit.

Déi 2 aner MMM-Siten heeschen Dolomites (an der Géigend vu Cortina d'Ampezzo) an nach am Bau Ripa (bei Bruneck), mee bis dohin ass et eng Grëtz méi wäit vu Bozen aus. An et muss ee si jo och net all matenee maachen, e Grond fir zréckzekommen ass ëmmer gutt!