Iwwer de Summer erzielen den Olivier Griette an de Felix Fellinger, déi allen zwee Sport zu Montpellier studéieren, hei vun engem grousse Vëlostrip ...

Gudden owend Letzebuerg,
  mae sin zwee Sportstudenten vun Montpellier , den Olivier , en pareiser Jong deen fier seng Studien erof an den Sueden komm ass. Den Felix , en schefflenger Borscht , deen den Minett stolz an Suedfrankreich vertrett.

Lescht joer sin mae op d Idee komm , mat mengem Twingo vun Montpellier no Kastrosikia , eng grieschech Staat beim Mier , 100 kilometer suedoestlech vun Korfu , ze fueren. Dem Olivier seng Elteren hun do neemlech en Haus kaaf.

Leider ass dee Projet an d ' Waasser gefall , an do hun mae eis gesoot dass mae et desen Summer mam velo duechzeihen sollten. Dat as eischtens mei emweltfrendlech an bellech , an firun allem as dat eiser Meenung einfach mei flott.

Mae sin no deser Rees mei wei 2500 kilometer mam Velo gefuer , wat schon eng ganz gudd sportlech Leeschtung ass.

Zudeems weaten mae esou mei erliewen an gesinn an och dei friem Kulturen aus Italien an Ex - Jugoslavien kennenleiren.

Zu gudder Lescht , fannen mae dass eis dei Rees vill Liewenserfahrungen brengen waet.

Ech perseinlech giff och gaer eng Keier gesinn wei d ' Menschen an mei aarmen Laenner liewen an drop sin , an giff mech freeen wann ech duerno main Liewen als Letzebuerger ( op mannst aus finanzieller Siicht ) nach mei ze schaetzen weisst.

Mua den Moien den 19. Juli 2013 fueren mae mam ( elo endlech gudd ekipeierten ) Velo dann vun Montpellier fort.

Eis Ziel ass et een Mount an en puer Deeg ze brauchen , sou dass mae geint den 25. August  zu Kastrosika unkommen.

Esou keinten mae nach en puer Deeg dohannen geneissen ( dei mae an eis Been bestemmt batter neidech waeten hun)

, eier datt mae dann den Fliger den 3. September zu Korfu Richtung Hahn waeten huelen.

Eis Organisation ass zimlech einfach gehaalen , no der Liewensphilosophie " CARPE DIEM " an dem Olivier sain Liewensmotto " Demain , c ' est loin " .

Sou hun mae eis just dat neidechst angepaackt, dorenner : een 2 persounen Zelt , Geschier fir den Velo ze flecken , Waasserbehaelter am Rucksaack, an jiddfareen 3 T- Shirten , 2 Shorten , Sandalen an een Puer Schung.

Typech fir eis 2 , sou gin mae eis " schon " mua den Moien , dem Daag 1 vun der Rees , eis speziell Reeskuaten an den Zentrum vun Montpellier kaafen.

Dono heescht et awer sech an den Modus Tour de France ze gewinnen, mae wellen neemlech sou schnell wei meiglech aus Frankreich eraus ( obwuel Stiet wei Marseille , Cannes an Nice och secher schein ze gesinn sinn ) fier dann ab Italien an Laenner ze sin , dei mae esou gudd wei guer net kennen.

An aneren Wierder probeiren mae ongefeier 130 km waehrend deenen eischten Deeg ze fueren , an ab Italien eng Moyenne teschent 80 an 100 km pro Daag ze pedaleiren. Dest gett secher  net einfach , virun allem weinst deenen extremen summerlechen Wierderconditounen. Doweinst haaten mae eis geduert emmen nemen Moies an Owes ze fueren ( am Nometten bei 35 grad ze fueren schengt eis net gesond ze sinn ) .

Ech mengen ech hun alles gesot fier main 1. Bericht , an hoffen dass vill Leit eis op  http://lifestyle.rtl.lu/reesen/iwwersiicht/ verfolgen waeten .

Mae soen nach eng Keier dem RTL merci , dass sie meng Berichter waehrend der Rees veroeffentlechen.

Mae wenschen Jiddfarengem eng schein Summervakanz an dass d ' Wierder zu Letzebuerg endlech gudd bleiwen waert.

Mat beschten Greiss ,

Olivier Griette an Felix Fellinger.