BLOG (2): Déi éischt Etapp - vu Montpellier op Milano

Dat as zu op der haaptplatz zu nice mat enger amerikanerin dei mae kennengeleiert hunn.
Eis 2 Cycliste sinn ënnerwee, vu Frankräich goung et an Italien eriwwer - net ouni Problemer! "Mato" soten d'Italiener. - Hei d'Chronik an hirer Sprooch!
Den leschten Freiden sin mae dann Moies nach schnell no speziell Veloskuarten kucken gang , mee ouni Erfolleg. Mae sin aslo mat enger Michelins Europakuat lassgefuer , dei amfong nemen Autobunnen uweist. Mae sinn dee ganzen Daag iwer geufer an geint 21 auer , no 140 km , zu Sambuc , engem kleng Duerf an der Camargue , stoenbliwwen.
D ' Camargue soll jo anscheinend fier hier freilaafend Paerd , Steiren , Zossis an Reis bekannt sin , mae hun awer eppes aanescht verhaal : d ' Mustiken! Mae hun nach nie souvill Mustiken gesinn an gespuert . Mae konnten souguer eis d ' Zelt doduerch nemei opriichten an do hu mae zum Gleck fein Leit getraff dei eis ennerbruecht hun.

Eis schéint Zelt.
Eis d ' Ziel fier den 2ten Daag wuar et Marseille ze erreechen , eng Streck vun 100 km. Dat hun mae awer net gepackt , well mae et mat deenen eischten Bierger ze dinn kruuten!
Mae sinn firdrunner amfong nach nie laang duerch Bierger gefuer , esou wessen mae seit deem Daag wei et sech ufillt an wei schueier et as , physech mee firun allem mental .

Op der Côte d'Azur
E puer km firun Marseille hun mae dann op enger klenger Plage , zu Ensues , am Zelt geschlof. Seit deem Daag wessen mae och elo wei et eisen Elteren an Nooperen zu Montpellier geet , wann sie sech Owes iwert eisen Kameidi opreegen : schrecklech . Neemlech sin mae waehrend eis eischter Woch baal all Daag vun besoffenen Jugendlechen op der Plage wackrech gemeet gin.
Den Daag dono hun mae dann Marseille ereecht an dono sin mae en Bierg roopgefuer deen souguer Deel vun enger Etapp vun der TdF ass. Plaettschnass geschweesst sin mae uewen um 327 m heigen Gipfel ukomm. Vun do aus sin mae dann op Cassis gefuer , wat eng ganz schein Geigend ass. Dei 2 lescht Deeg sin mae dann nemen 160 km weiderkomm.
Well mae erem schlecht geschlof haaten an d ' Sonn extrem gedreckt huet hun mae dann um 4 . Daag, geint Nomettes , eisen Zuchjoker missten benotzen an zu Carnoulles bis no Nice den Zuch geholl.
Dat wuaren ongefeier 60 km. Zu Nice hun mae dann an enger Jugendherberg geschloff an eis Been konnten bessen raschten , dei wuaren neemlech schon gudd schweier gin.

Côte d'Azur net weit vun Monaco. Um Wee an Italien.
Um 5. Daag hun mae dann nach en bessen d ' Cote d ' Azur genoss , wat dei scheinsten Geigend as , dei ech bis elo gesinn hun. Owes sin mae dann enldech an Italien ukomm an hun dat och direkt un den Leit gemierkt . Waerend eisen eischten Deeg duerch Italien hun mae amfong nemen aal Leit begeint , dei awer ganz frendlech sin . Duerch hier Hellef kenen mae lo souguer schon bessen italienesch : "mato" ( letz . " verreckt " ) sooten d ' Italiener oft zu eis , wou mae hinnen vun eiser Reess erzielt hun.
Dei naechst Deeg sin mae laangscht d ' Mier gefuer an emmer Owes op der Plage geschlof , dat huet gudd geklappt.

Dat as an engem klengen italineschen Duerf niewt Genova. Ze gesinn as eng Grupp Jonker dei eis deen Park gewisen hun, wou dann och geschlof hun.
Um 8. Daag hun mae et gepackt dei 120 neidech km ze machen fier zu Milan unzekommen. Mae schlofen de Weekend iwer an engem Hostel an goennen eisen Been an Hoener emol eng Paus .
Mae sinn also an 8 deeg ongefeier 800 km gefuer.
MbG ,
Felix.

Den Schluss vun den italieneschen Alpen ( bierg vun baal 500 m heischt )