Um Online-Bewäertungsportal TripAdvisor ass en englesche Restaurant Méint laang mat der Note "Exzellent" bewäert ginn. De Restaurant gëtt et awer guer net.

Vun der Kiche bis bei de Service, alles wier Top am Restaurant "Oscar" zu Brixham am Süde vun England. Duerch seng sëllechen extrem gutt Bewäertungen huet en et dunn och op d'Plaz 27 ënner 63 Konkurrente vu Brixham gepackt. Leider war de Restaurant e néierens ze fannen, an och d'Kommentare iwwer de Restaurant waren all gefälscht.

Der "Huffington Post" no, soll e Geschäftsmann ob déi Iddi komm sinn, fir esou op verschidden Irregularitéiten vu der Kommentar-Funktioun um Online-Portal opmierksam ze maachen.

2 Méint laang war de fiktive Restaurant um Site ze fannen, gouf 8 mol "Exzellent" an 2 mol "Schrecklech" bewäert, bis d'Zäitschrëft "Telegraph" op de Feeler opmierksam gemaach huet. TripAdvisor huet prompt reagéiert an de Restaurant vum Site geholl.

Déi Däitsch "Stiftung Warentest" deelt iwwerdeems mat, datt ca. 1/3 vun esou Online-Bewäertungen net credibel wieren. Informatiker schaffe mëttlerweil un deem Problem, a probéieren eng Aart Ligendetektor fir esou Fäll ze entwéckelen.