Paräis: Mam Zeppelin iwwert déi franséisch Haaptstad

© AFP
Zanter dem Sonndeg kann een déi franséisch Haaptstad op eng méi ongewéinlech Manéier aus der Vugel-Perspektiv bewonneren. En Zeppelin mécht et Méiglech.
De Sonndeg war, wéi gesot, den 1. Fluch vum 75 Meter laangem Zeppelin, iwwert Paräis an der Ëmgéigend. D'Passagéier ware begeeschtert, bis zu 70 km/h kann ee mat der Maschinn erreechen, ouni datt et ongemittlech gëtt. D'Vu wier beandrockend a vu Kaméidi keng Spuer.
4 Route ginn am Sightseeing-Programm vun der Firma „Airship“ proposéiert:
Iwwer d'Landschaft vu Vexin am Nordweste vu Frankräich
Iwwer d'Schlass vu Chantilly
Iwwer d'Seine ronderëm Paräis
Iwwer Versailles
Am meeschte gelies