No engem relaxe Weekend zu Mailand hu mer eis op de Wee gemeet duerch Norditalien, fir sou schnell wéi méiglech op Venedeg a rëm bei d'Mier ze kommen ...

Et as neemlech vill mei langweilech an ustrengend duerch d ' Land ze fueren ewei langscht Kuest ze fueren.

Leider sinn mae Meindes den 29. Juli direkt duerch schlecht Wierder, vill Reen an Wand , negativ iwwerrascht gin. Mat engem bloen Aen dovunkomm , wua dat awer bis elo deen eenzegen Reendaag vun eiser Rees. Fir den Rescht vun den Deeg haaten mae emmer op mannst 35 Grad. No 3 Deeg Fueren , duerch Groussstiet wei Verona , Vicenzia an Pandova an ouni Mettespaus op der Plage , sin mae zu Venedeg ukomm . An der wahrscheinlech scheinster Staat vun der Welt hun mae an enger Jugendherberg geschlof an den Daag dono hun mae eis op den Wee no der scheiner Region " Istrien " gemeet .

No 2 Deeg hun mae dann Trieste an dono dei slovenesch Grenz erreecht an missten an Slovenien schon erem d ' Ustrengung vun den Bierger spieren. Mae sin den leschten Weekend iwer am sloweneschen Deel vun Istrien stoenbliwwen an sinn Stied wei Koper , Izola an Portoroz kuken gang. En ganz positiven Androck huet ganz Istrien bei eis 2 hannerloss , aus verschiddenen Grenn : D ' Leit sin extrem frendlech an Slowenien an Kroatien , d ' Geigend as einfach nemen wonnerschein an et herrscht en gudden kulturellen Mix aus deen 3 verschiddenen istreschen Laenner ( Italien , Slowenien an Kroatien ) .

Am Moment sinn mae net weit vun der greisster istrescher Staat , Pula , um Wee no Zentralkroatien.

An deenen naechsten Deeg heescht et dei kroatesch Kuest erofzefueren an Koleegen zu Montenegro ze besichen.

En scheinen Bonjour aus Pula  ,

Felix an Olivier.