De Jacques Santer feiert 30 Joer Vakanz zu Faistenau

Dës Foto gouf am Duerfkär ënnert enger 1.000 Joer aler Lann opgeholl, fir déi de Jacques Santer viru 5 Joer d'Ehrenpatenschaft iwwerholl huet.
De fréiere President vun der EU Kommissioun geet elo säit net manner wéi 30 Joer ëmmer erëm an Éisterräich, fir sech do vum Alldag z'erhuelen.
E Freideg gouf den Dr. Jacques Santer dowéinst mat engem Zertifikat geéiert an a gemittlecher Ronn am Gaart vun der "Alten Post", dem Hotel an deem hien ëmmer Statioun mécht, gouf mat enger Coupe Schampes ugestouss. Do donieft gouf him nach en Aquarellbild vum Faistenauer Duerfkär geschenkt.
Am Ufank hat d'Alte Post nach der Famill Grill gehéiert, ma di nei Besëtzer, d'Famill Teufl, ass net manner frou, de Jacques Santer ëmmer erëm begréissen ze kënnen. Ob hien am Summer d'Landschaft genéisst oder am Wanter d'Skier undeet an e puer Ronnen op der Loipe dréint; de Jacques Santer koum a kënnt ëmmer erëm gären op Faistenau!
Um Freideg waren nieft der fréierer Besëtzerin vum Hotel, Marina Grill, ënnert anerem och déi nei Besëtzer, d'Famill Teufl, an souguer de Buergermeeschter vu Faistenau, Josef Wörndl, mat dobäi. Vorderanger Tanzlmusik huet iwwerdeems dofir gesuergt, dass och eppes fir d'Ouer gebuede gouf.