Eis 2 Aventuriere sinn nach ëmmer ënnerwee, ma si kommen hirem Zil méi no! Hei hir Andréck, esou wéi se en cours de route notéiert goufen ...

No baal enger Woch sin mae dann endlech aus Istrien erausgefuer.
Vun Rijeka aus wuar eis d ' naechst grousst Ziel dei kroatesch Groussstaat Split ze erreechen : en pareiser Koleeg vum Olivier ass do neemlech mat sengen Elteren an der Vakanz gewiecht.

Dei baal 400 km dei firun eis lungen wuaren op enger Sait ganz schein ze gesinn ; dei Geigend um adriateschen Mier , genannt Dalmatien , ass vun wonnerscheinen Bierger an Nationalparken emkreest , Natur puer.

Op daer aanerer Sait ass et awer och eng verlueren Geigend , wou et net vill Buttiker gett. Doweinst missten mae eis duech Dalmatien besser mat eisen Iessenvorrater organiseiren.

Freides sinn mae dann beim Alex ukomm an hun do en gemittlechen Weekend verbruet.

Samsdes wuaren mae mat hierem Boot tauchen gang an hun souguer en groussen Tëntenfësch gesinn.

Sondes moies ass et dann erem weidergang fier Montenegro ze erreechen: do hun neemlech aal Lycéeskolleegen en Haus direkt beim Mier.

RTL

De Felix an den Olivier déck frou op der montenegrinescher Grenz.

Duech d ' Haafenstaat Dubrovnik an deen 10 km laangen bosneschen Deel sinn mae Denschdes den 13. August zu Montenegro ukomm.

RTL

Geessen op engem Bierg ënnerwee an Dalmatien.

Wei schons op der bosnescher Grenz haat ech och an Montenegro keen Problem mat menger Carte d ' Identité an ouni Pass eranzekommen.

Dat 1. waat mae an deem eischten Land ouni massesch Touristen gemeet hun, wua bei den Coiffer ze goen : fir nemen 5 € kritt een do eng schein Coupe geschnidden. Mae sinn awer ereischt Mëttwochs beim Suada an Bato ukomm , well sie niewt der albanescher Grenz , zu Ulcinj Donji Štoj , wunnen. Wei Crna Gora ( Montenegro , schuazen Bierg ) et schon seet , missten mae dee ganzen Daag duerch Bierger fueren fir Owes bei hinnen unzekommen.

RTL

Den Bato (Muamer), den Olivier an ech shoppen zu Ulcinj

D'Famill Kajević huet eis 2 wierklech tiptop empfang : fir eis Arrivé ass et direkt leckert Iessen , ennert aanerem eng gudd Zopp , ze iessen gin.

Mae sin hei bis Sonndes den 18. August bliiwwen an haaten eng richtech gudd Zait mat hierer Famill : Mettes sin mae emmer all zesummen op den Strand gang ( Nokki Beach ) an Owes hun sie eis hieren klengen Zentrum vun Stoj gewisen an dee mei groussen vun der Groussstaat Ulcinj.

Iwert dest Land sin eis wirklech just positiv Saachen opgefall : d'Leit sin extrem frendlech , et sin vill manner Touristen ennerwee , waat ermeiglecht hier richtech Kultur matzekreien. Des weideren kritt een ganzt gudd ze Iessen fir wirklech net vill Geld : en Kebab kascht 2 euro , en Gulasch mat Cevapcici nemen 7 euro an fir en halwen Liter Beier muss een 1.50 op den Desch leeen. Et ass also net mat letzebuerger Praiser ze verglaichen!

RTL

Selwer zesummegebauten Taxi fir op d'Plage. Den Trajet kascht 50 Cent

Eppes aanescht waat mae opgefall ass , ass dass wann een d'Autosplacken hei kuckt , dann mengt een et wae een zu Letzebuerg : ganz vill Montenegriner kommen hei eben aus Letzebuerg fir den Summer zereck an hier aal Heemescht.

Lo geet et weider iwert Albanien bis no Griechenland an dann hun mae et endlech gepackt.

2500 km hun mae schon um Bockel , 27 Deeg dovir gebraucht , an elo nach ongefeier 400 km duecht dat lescht Land fir bis an d'Arrivé.

RTL

Eng schéin Insel an Dalmatien.

MbG Felix an Olivier.

RTL

Enn vun der Rees a Montenegro. Oofschlossfoto mam Olivier, Ermin, Felix an Almir. Möge Gott mit euch sein (Bato) ...