Eis 2 Aventuriere sinn un hirem Zil ukomm! Hei hir Andréck, esou wéi se en cours de route notéiert goufen ...

Gudden Owend Lëtzebuerg , haut den Owend ass et dann leider dei lescht Keier dass ech eppes an main Blog veroeffentlechen . En bessen mei frei wei gemengt sin mae am Ziel ukomm.

Hei elo dei lescht Highlights vun enger langer an flotter Rees.

No 5 Deeg Paus bei Kolleegen zu Montenegro sin mae Sondes Mettes geint 16 Auer lassgefuer an Richtung Albanien. Den eenzegen Hoken bei der Sach : ech wua krank an zwuar schon sait 2 Deeg, Feiwer haat mech erwescht ... Esou hun ech do mol erliewt wei et ass ze fueren wann een krank as : extrem ustrengend , et mengt een et haett een keng Power mei an de Been obschons een lues fiert.

Eng gudd Noricht huet eis dann awer op der albanescher Grenz erwuat : mae haaten absolut keen Problem laangscht Douane ze kommen , obwuel ech nemem meng Carte d ' Identité dobai haat.

No 50 ustrengenden km sinn mae dann an enger albanescher Groussstaat zu Shkoder stoenbliwwen an hun an engem Hotel fir 5 euro op de Kapp geschlof.

Den Daag dono sinn mae dann dee ganzen Daag gefuer , fier den Retard vun deenen leschten Deeg opzehuelen. Mae sin ganz gudd weiderkomm an hun no 125 km zu Durres geschlof.

Dat ass eng albanesch Groussstaat beim Mier.

Den Daag drop sin mae nach eng Keier gudd firunkomm , 115 km , bis no Vlore. Mae wuaren ganz positiv iwwert dei flaach albanesch Stroossen iwwerascht. Zu engem groussen Deel missten mae och iwert d ' Autobunn fueren , et wua neemlech keng aaner meiglech Strooss do.

Deen elo un dei normal europaeesch Autobunnen denkt , esou wei dei an Italien wou mae vun den Polizisten verwarnt gouffen , deen lait flasch : hei an Albanien sinn d ' Autobunnen ganz aanescht, "chaotesch" ass eng gudd Beschreiwung. Waerend dem Fueren hun mae dachs Velosfuerer , dei eis entgeint gefuer koumen , Busser dei stoen bliwwen sinn an Leit matgeholl hun an souguer Paerd mat hieren Meeschter , gesinn.

RTL

© FF: Eng typesch albanesch Autobunn.

Mae wossten awer och dass eis d ' Gleck mat flaachen Autobunnen net mei laang undauren keint , well dei lescht 100 km firun der griechescher Grenz duerch d ' Bierger geet.

Eisen 4. Daag an Albanien huet dann och ganz gudd deier Beschreiwung gepasst. Vun Vlore bis no Sarande , net wait vun der griechescher Grenz , gett et keng nei Autobunn , mee nemen aal , schmuel Stroossen dei duech extem heisch Bierger geet.

RTL

© FF: Ech fueren an Griechenland.

No 35 km wuaren mae mattsen an engem Bierg vun 2000 m Heischt an hun entscheed mol eng Paus ze maachen an Eppes iessen ze goen . No engem gudden albaneschen Restaurant ,dei stuark vun der italienescher Kiichen gepraegt sin , hun mae dann fier d ' eischten Keier Autostop gemeet. Esou sin mae iwert 3 Stonnen mat engem Wainliwerer an senger Camionett duech dei albanesch Bierger gefuer . Dat wuaren ongefeier 90 km , fier dei mae mam Velo op mannst een ganzen Daag gebraucht haetten.

Zu Sarande ukomm , stoungen mae firun eiser leschter Nuet am Zelt vun eiser Rees.

Mae wossten dass mae nemei wait vun eisem Ziel ewech wuaren.

RTL

© FF: Albanesch Landschaft zu Sarande.

Mee eier ech zu eisem Schluss vun der Rees kommen , well ech awer nach en puer Wierder iwert Albanien verleieren : vill Lait haaten eis et ofgeroden duech dat Land ze fueren ; et wae ze gefeierlech , d ' << Blutsrache >> geiff nach emmer existeiren asw.

Schlussendlech hun mae 2 eng richtech gudd Zait an desem Land verbruet : d ' Leit sinn alleguerten frendlech , neirens aanescht sin mae sou oft begreisst an ungefeiert gin waerend dem Pedaleiren. Dat huet och secherlech domaten ze din , dass d ' Diktatur elo schon 20 Joer hier ass an dei politesch Situation sech lues an lues verbessert. Wat ech soen well ass folgendes : et brauch een keng Angscht ze hun virun Laenner wei Montenegro an Albanien , nemen well do eng Keier Krich wuar.

Menger Meenung no ass et vill mei eng Angscht virum Onbekannten an genau dat soll een net machen . Verallgemengerungen vun Situationen sinn nie gudd , an ech fannen et soll een sech selwer en Bild iwert dei Laenner machen andeems een dohin fiert amplatz op all meiglech Virurdeeler ze lauschtren. Genau dat hun mae 2 jo och gemeet , an mae gouffen nemen positiv iwwerascht. Zu gudder Lescht , muss ech soen dass mae nemen staunen konnten iwert d ' Scheinheet vun Albanien.

Donneschdes , den 22 . August wua et dann endlech sou wait : no 35 Deeg sinn mae zu Kastrosika ukomm!! Deen leschten Daag haat et awer nach eng keier an sech . 135 km sin mae nach eng leschten Keier gefuer eier mae endlech den Velo fir eng kleng Zaitchen an den Eck stellen konnten.

RTL

© FF: Mae kommen zu Kastrosikia am Ziel un, deck frou !

Baal 3000 km sin pedaleiert gin an ech wees net weivill dausenden vun Liter Schweess mae verdrepst hun.

Dem Olivier seng Elteren hunn eis ganz gudd empfang , mae wuaren owes an en griecheschen Restaurant iessen.

Mae hun hei an hierem Haus nach eng schein Zait verbruet an huelen den Denschden dann endlech den Fliger fier heem.

Als Schlussfolgerung , kann ech nemen jidfarengem , deen d ' Meiglechkeet huet , et weiderroden esou eng Rees ze machen . Et kann een jo och mei kleng ufaenken .

Et ass wierklech eng enorm Liewenserfahrung , wou een vill beileiert.

Mae hun ganz vill verschiden Lait getraff , eis Meenungen getosch , am ganzen 8 verschiden Laenner gesinn , extrem schein Geigenden , virun allem beim Mier erliewt.

Et ass schueier an Wierder ze faassen wat een alles  waerend sou enger Rees gesait ...

Op allen Fall sin mae allen 2 stolz et gepackt ze hun an mae freeen eis awer och no sou enger langer Zait erem heem ze goen.

Ech hoffen main Blog huet aech gefall .

Mae soen dem RTL nach eng Keier merci , dass sie eis deen Blog meiglech gemeet hun.

Mat beschten Greiss ,

Felix.