National Air and Space Museum zu Washington: National Mall

© Steve Müller
Eng virtuell Visite duerch déi gréisste Sammlung vun der Welt, wat Fligerei a Raumfaart betrëfft, déi all Joer iwwer 8 Millioune Visiteuren huet.
An den Noriichten huet ee an der leschter Zäit vill vum sougenannte "government shutdown" héieren. Duerch dës Prozedur hu vill Nationalparken a Muséeën an den USA hir Diere fir de Public missen zoumaachen. Vill dobäi ernimmt ginn ass d'Smithsonian Institution, eng amerikanesch Fuerschungs- a Bildungsariichtung, zu där och 19 Muséeë gehéieren. Am Joer 1846 huet den amerikanesche Kongress den Optrag ginn, aus der Ierfschaft vum Wëssenschaftler James Smithson dës Stëftung ze grënnen - mat der wichteger Missioun, Wëssen ze erhalen a weiderzeginn.
An hirer laanger Lescht vu Muséeë fënnt ee bekannten Nimm wéi den American Art Museum, den National Postal Museum, de Smithsonian National Zoological Park oder de National Museum of American History. Déi meescht Komplexer fënnt een op béide Säite vun der National Mall, där Plaz tëscht dem Washington Monument an dem Kapitol. Kee Musée huet awer sou vill exklusiv an interessant Exponaten aus der Fligerei a sengem Besetz wéi den "Air and Space Museum" vu Washington. Am Joer kommen am Duerchschnëtt 8 Millioune Visiteuren déi gréisste Sammlung vun der Welt, wat Fligerei a Raumfaart betrëfft, besichen.

De NASM ass opgedeelt an 3 Beräicher: National Mall Museum, Steven F. Udvar-Hazy Center a Paul E. Garber Komplex, deen awer net méi ëffentlech ass. Hei ginn Exponate gefleckt a restauréiert.
Als Éischt geheie mir e Bléck an d'Gebai op der Independence Ave, 6th St, SW, Washington, DC 20560.
De Musée am Zentrum vu Washington, den National Mall Museum, huet dat grousst Gléck, verschidde Modeller kënnen auszestellen, déi eng grouss oder eng wichteg Roll an der Geschicht vun der Fligerei gespillt hunn. Dëse Musée gouf 1946 gegrënnt an huet säin aktuelle Wunnsëtz 1976 kritt. Haut huet hien eng Ausstellungsfläch vu 14,970.9 m2, dat opgedeelt op zwee Stäck mat verschiddenen Themeberäicher.
Sou fënnt een um éischte Stack vum Komplex interessant Theme wéi d'Erfuerschung vum Universum oder spektakulär Biller wéi de Bléck op Äerd. D'Fro, firwat Saachen iwwerhaapt fléie kënnen, kritt een och hei beäntwert. Déi éischt Fligere kritt ee gewisen am Original oder a perfekte Rekonstruktiounen.
D'gëllen Zäit vum Fléien, Meilesteng vun der Aviatioun, Fléie ronderëm d'Äerd oder déi bekannte Course am Weltall ginn hei grad esou presentéiert wéi déi grouss Thematik "Amerika an der Loft".

Wéi an all guddem Musée däerf och hei e Souvenirsshop net feelen: Vu Literatur iwwer d'Fléien iwwer Modeller a Pins bis zu Astronautekostümer fir Kanner - alles kann ee fannen. Sou e Shop fënnt een ausserdeem an der Union Station, also an der Gare vu Washington.
Um selwechte Stack ass och de Welcomecenter, eng Aart Informatiounszenter, an deem een Äntwerten op seng Froe ka kréien; hei fënnt een ausserdeem iwwersiichtlech Pläng, op deenen een de richtege Wee nosiche kann, sief dat fir an den Imaxkino, an d'Fluchsimulatoren oder an de Schnellrestaurant, dee mam Clown ...
Och um zweete Stack kritt ee vill gewisen, respektiv vill Wësse bäibruecht. D'Erklärung, firwat Fléien net nëmme mat Fléien ze dinn huet, oder firwat Fligerei vill mat Konscht gemeinsam kann hunn, gëtt hei erkläert. D'Fro, wéi héich de Mënsch fléie kann, kritt een un Hand vu den Apollomissioune beäntwert.
Wahrscheinlech déi bekanntste Gebridder an der Loftfaartgeschicht, d'Wright Brothers, kréie mat hirem Fluchapparat ee ganze Sall gefëllt. Aner Pionéier vun der Aviatioun, déi eng wichteg Roll gespillt hunn, wéi zum Beispill d'Amelia Earhart, kréien am NASM een Denkmal gesat. Aner Beräicher erklären op interessant a flott Manéier, wat Forschung mat Fligerei ze dinn huet. Och Fligerei am Krich, déi Momenter, an deenen d'Fligerei Kricher verännert huet, däerf net feelen an ass ee grousse Sujet. Loft a Waasseroperatiounen, ee Planetarium als Erënnerung un de Albert Einstein oder de Beräich Zäit a Navigatioun, all déi Saachen hunn ee reservéierten Deel.

Ee vun den interessantsten Deeler ass d'Rekonstruktioun vum éischte Fliger vun de Wright Brothers oder eng Original Apollokapsel. Och dem Lindbergh säi Fliger "Spirit of St. Louis" däerf net feelen. A wien eng Kéier e richtege Stee vum Mound wëll gesinn, ass och hei op der richteger Plaz.
De Musée bitt net nëmmen eppes fir d'A, hie leet och immens vill Wäert op dat Edukatiivt: experimentéieren, nomaachen, Konferenze mat Astronauten ... alles kritt een hei gebueden. Duerfir kann de Musée all Joer vill Schoulklasse wëllkomm heeschen. Och dat erkläert déi héich Zuel vu Visiteuren. Kanner kréien hei op eng spilleresch a ganz spezial Aart a Weis erkläert, wat Fléien iwwerhaapt heescht. A wéi faszinant et ka sinn!