Vietnam - E Land mat ville Facetten

Am Südoste vun Asie läit de Vietnam. Mat 331.000 km2 ass déi sozialistesch Volleksrepublik liicht méi kleng wéi Däitschland.

Hanoi
Wee wëll duerch de Vietnam reesen, dee fänkt normalerweis am Norden un. Hanoi, D’Haaptstad vum Vietnam ass dacks den Point de Départ. 3 Milliounen Awunner zielt dës Stad mëttlerweil, an awer bleift se méi kleng wei Ho Chi Minh City, och Saigon genannt, am Süde vum Land.
Wat typesch fir dës Staad ass, datt all Strooss säin eegene Kommerz huet. Sou fënnt een an enger Strooss zum Beispill just Kleeder, an enger aner, Eisenwueren, oder nach an enger aner just Miwwelen. Hanoi ass fir Touristen immens intressant, well d’Architektur, zumools am ale Quartier, sech iwwert d’Joren net geännert huet. Dësen ale Charme mécht mat Sécherheet dës dynamesch Stad aus, an am Verglach zu Saigon, schéngt se méi authentesch.
Gesi soll een hei onbedengt den „Temple de la Littérature“, den Lac „Hoan Kiem“, d’Katedral St. Joseph, de Musée an de Mausoleum vum Ho Chi Minh, mee natierlech och den ale Quartier vun Hanoi.

Sapa
Mam Nuetszuch kann een einfach ganz vun Hanoi an den Norden vum Vietnam op Sapa fueren. Dës Regioun déi no un der chinesescher Grenz an den Bierger läit, ass ideal fir Wanderungen oder nach Motostouren ze maaachen. Bei dësen Touren trëfft een ëmmer erëm op Ethensch Minoriteiten wéi Daos, oder nach déi schwaarz Hmong. All Sonnden ass zu Sapa selwer e grousse Maart, wou d’Leit déi an de Bierger liewen hir Saachen ubidden.

Halong Bay
D’Halong Bay ass wuel de bekannteste Spot am Vietnam. 170 Kilometer vun Hanoi läit dës Bucht wéi et se nëmmen ee mol op der Welt gëtt. De Beweis, 1994 gouf dësen Site als „patrimoine mondiale“ vun der Unesco klasséiert. Bal 2000 kleng Insele sinn hei verstreet, an dës kann een op Bootstoure vun noem gesinn. Verschidde Grotte wéi „La grotte des Merveilles“ kann een entdecken. Mee opgepasst an der Haaptsaison gëtt desen eemolege Spot zur riesen Touristen Attraktioun.

Ho Chi Minh City
Ho Chi Minh City ass impressionant. Kameidi, Motoen Traffik a Pollutioun. An awer huet des modern Stad hire Charme. Bis 1975 huet se nach Saigon geheescht, an dësen Numm ass och haut nach bei den Awunner beléift. Saigon ass net wéi een dat kéint unhuelen d’Haaptstad, an awer ass hei den economeschen Zentrum. Gesi soll een hei op jidderfall d’Gemeng, Katedral Notre Dame de Saigon, d’Oper an déi sëlleg Pagoden déi een am Zentrum fënnt.

Muine & Phu Quoc
Am Vietnam ginn et sëlleg Plagen, vill dovun awer net wierklech attraktiv. Zumools op der Ostküst, wou duerch Massen Tourismus déi schéinst Plage mat de Jore verkomm sinn. Mee et ginn nach e puer Plaze wéi Muine, e Surferspot op der Ostküst, oder d’Insel Phu Quoc südlech am Westen dei hieren Charme behalen hunn.
Ween de Vietnam allerdéngs am Détail wëll kenne léieren, misst e puer mol dohi fueren, oder einfach e ganz laange Congé ufroen. Well dëst Land huet extrem vill ze bidden, a mat Sécherheet och vill méi wéi just déi sëlleg Touristen Attraktiounen.