National Air and Space Museum: Dependenz beim Fluchhafen

D'National Mall huet 2003 e grousse Brudder kritt. Net wäit vum Washington Dulles Airport ewech, eng Autostonn vu Washington, steet ee grousse Komplex.
De Steven F. Udvar-Hazy Center ass opgedeelt an zwee Hangaren: The Boeing Aviation Hangar an de the James S. McDonnell Space Hangar. Ausserdeem mattendran en Airbus Imax Kino, e Shop an e Schnellrestaurant, an den Donald D. Engen Observation Tower, en Aussiichtstuerm, deen eng 360-Grad-Vue op den Dulles Airport mat senge Start- a Landepistë garantéiert.
Während de Musée un der Mall méi als typesche Musée konzipéiert gouf, kann een de Center éischter als grouss Ausstellung bezeechnen. An déi ka sech weisen. Schonn de 1. Bléck dobanne garantéiert een 100%tege Wow-Effekt. Eng genial Architektur bréngt et hei fäerdeg, dass ee seng Lieblingsmodeller vun alle Bléckwénkel studéieren a bewonnere kann.
Modeller aus der Loftfahrt, méi ausgeluecht op made in USA, woubäi awer och europäesch Wierker wéi eng Concorde net feelen, sinn hei ausgestallt. Fligeren, déi een normalerweis just aus dem Fernseh, aus den Noriichten oder aus dem Kino kennt, kann ee hei kucken a bestaunen. Sou kann een eng Lockheed SR-71 Blackbird entdecken, Kinosfrënn kennen dëse bestëmmte Modell aus dem Film Transformers. Den Hangar war och Originaldréiplaz fir dëse Blockbuster, déi spezifesch Zeenen aus dem Hangar ginn och op engem Ecran niewent dem Fliger permanent gewisen.
Den absoluten Héichpunkt ass awer kee Fliger, mä een original Space Shuttle vun der NASA. 39 mol ass des Raumfähr an de Weltall geflunn, dat vun 1984 bis 2011. D'Discovery huet domatter méi Missiounen ewéi all aner Shuttlen. Zënter Abrëll 2012 ass den James S. McDonnell Space Hangar hiert neit Doheem.
Praktesch Infoen
Wann een e puer Deeg zu Washington a frou mat Fligerei an Technik ass, da soll ee sech schonn op de Wee an den NASM maache. Fir de Musée beim Kapitol soll een en hallwen Dag aplangen. Méi ass natierlech besser. De Sightseeing-Bus (Big Bus) bleift virun der Dier stoen a fiert all 20 min laanscht.
Fir de Steven F. Udvar-Hazy Center kann oder muss ee sech en Taxi huelen. De Wee dohi kascht ongeféier 70 Dollar; am Beschten, et mécht ee mam Taxichauffer eppes aus, fir de Retour op Washington, an et handelt een e Präis aus. Wann ee Chance huet, ginn et nach aner Touristen, déi mam Taxi matfueren, an et huet een am Auto eng Stonn Zäit, fir iwwert en interessante Musée ze fachsimpelen.
Dat Bescht zum Schluss: De NASM ass gratis.