Wat gëtt et am Musée vun der "Luxembourg American Cultural Society" ze kucken? A wéi kann ech eventuell hëllefen?

[rating]Belgium - Home of the Luxembourgers: Esou steet et op de Schëlder am Agang vum Duerf geschriwwen. A fir drun ze erënneren, datt Lëtzebuerg sech an der Zäit gären als "gréngt Häerz vun Europa" definéiert huet, hänken dann och kleng gréng Häerzer aus Holz dobäi ...

Belgium huet also de Musée iwwert d'Geschicht vun den Lëtzebuerger Awanderer an Amerika kritt. Natierlech wieren och nach aner Plazen a Fro komm, wou ee sech och iwwert den Zouschlag gefreet hätt, vläit zu St. Donatus am US-Bundesstaat Iowa, wou een houfreg drop ass, esou vill stengen Häiser vu Lëtzebuerger Awanderer ze hunn wéi soss keen. Oder vläit an engem vun den 3 Dierfer am amerikanesche "Mid-West", déi elo nach ëmmer "Luxemburg" (jo, richteg, ouni "u") heeschen, och wa vrun e puer Joer dat am Minnesota quasi mam Nopeschduerf fusionéiert ass an een den Numm elo bal net méi fënnt. Déi aner 2 Dierfer sinn am Iowa an am Wisconsin. Dee leschte Bundesstaat grenzt un ee vun de groussen Séien, un de Lake Michigan.

Wou genee?

Och Belgium läit am US-Bundesstaat Wisconsin, méi genee am Ozaukee County, dat ee vläit mat "Kanton" iwwersetze kinnt. Déi gréisste Stad am County ass Port Washington, en historescht Fëscherstiedchen direkt um Séi, deen awer éischter wierkt wéi e Mier. Eng hallef Stonn ass et vun hei - no Süden - bis an déi grouss Brauerei-Stad Milwaukee, 2 Stonne brauch ee mam Auto bis op Chicago (Illinois).

RTL

Foto vun enger Kaart, déi an de Buedem vum Musée integréiert ass.

Mee hanneescht bei de Musée: Dee wëll net nëmme no hannen, mee och no vir kucken. Dat weist och ewell d'Gebai, dat aus engem alen Deel, enger Original-Scheier, déi op dëser Plaz nei opgeriicht gouf, an engem modernen neien Deel besteet.

Och den Numm vum Gebai spigelt déi duebel Vocatioun zréck: Roots and Leaves Museum - Museum iwwert d'Wuerzelen an d'Blieder. D'Symbolik ass einfach ze verstoen: Et soll een ni vergiessen, vu wou een hir kënnt, an dësem Fall Lëtzebuerg, an et soll een awer och net ausblenden, wat aus engem ginn ass, an Amerika an dësem Fall.

RTL

De Bam, mat senge Wuerzelen a senge Blieder, an der Entrée vum Musée.

De Musée versteet sech also kloer a Bréck tëscht der aler an der neier Heemescht, tëscht der aler an der neier Welt.

Wéini genee?

De "Luxembourg American Cultural Center", wéi de Komplex genannt gëtt, huet am August 2009 seng Dieren opgemaach - mat héije Gäscht aus Lëtzebuerg. Dat war eng Aart "Pre-Opening", och nach "Dedicational" genannt. Déi richteg Ouverture - Grand Opening - soll am August 2010 sinn. Bis dohi soll de Musée dann och komplett fäerdeg sinn, et feelen nämlech nach eng Rëtsch Ausstellungstableauen aus Lëtzebuerg.

RTL

De Kevin Wester uewen um Leuchttuerm zu Port Washington, dee Lëtzebuerg matgehollef huet ze restauréieren. / © Luc Marteling

Well et an den USA net üblech ass, datt de Staat finanziell un esou Projete finanzéiert, mussen natierlech vill Spende gesammelt ginn. Ëm dëse sougenannte Fundraising këmmert sech de Kevin Wester, Direkter vun der "Luxembourg American Cultural Society", selwer Nokomme vu Lëtzebuerger Awanderer an och hei am land längst keen Onbekannte méi ...

Him seng Aufgab ass et, Geld opzedreiwen, an do sinn den Iddie bal keng Grenze gesat, well géint d'Done kann ee sech bal iwwerall veréiwege loossen - ass alles eng Präisfro!

"Amerika ass net Europa", gëtt de Kevin Wester dann och net midd z'erzielen. "Hei ass kee Staat, dee fir alle opkënnt oder iwwerall bäileet, hei musse mir all eenzelnen Dollar selwer siche goen. D'Philosophie ass einfach eng ganz aner."

An esou kënnt et dann, datt d'Stroossen, Deeler vum Gebäi, Zëmmeren, Fënster, de Séi hannert dem Haus, d'Bänk virdrun, d'Pavésteng am Gaart an esou weider en Numm droen, den Numm vun engem, deen eppes gespent huet, fir ze ënnerstëtzen a sech gläichzäiteg ze "veréiwegen". A wat ee méi Geld gëtt, wat en eng besser Plaz offréiert kritt.

Bis elo ass de Kevin Wester op alle Fall der Meenung, datt hien um richtege Wee ass. Et wier eng richteg Renaissance vum Lëtzebuerg-Gefill an den USA. Dat misst een onbedéngt ënnerstëtzen. An och wann heisndo Rivalitéiten tëscht deenen eenzelne Gruppe vu Lëtzebuerger Nokomme géngen opdauchen, de Musée wier fir se all do. "Mir wëllen deelen a verdeelen. Esou ass och op eiser Homepage Plaz fir se all."

D'Vocatioun vum Musée beschränkt sech dann och net aleng op déi historesch Dimensioun: "Natierlech kënnt d'Edukatioun, also d'Wëssensvermëttlung un éischter Plaz", esou de Kevin Wester. "Mee och den Tourissem ass wichteg an dat Geschäftlegt." Debäi kommen dës Lescht ëmmer méi Ufroen iwwert déi duebel Nationalitéit, déi vill Leit interesséiert - Ufroen zum Beispill vu Lëtzebuerger Fraen, déi nom Zweete Weltkrich mat US-Zaldoten an Amerika gaange sinn ...

D'Adress vun der Luxembourg American Cultural Society (LACS):
P.O. Box 157
Belgium, WI 53004 USA
Tel: 262-476-5086
Fax:
262-476-5087

Am Internet: luxamculturalsociety.org