USA-LUX: Bei den Nokomme vun de Lëtzebuerger An/Auswanderer

De Kevin Wester virum "Roots and Leaves Museum", vun deem hien den Direkter ass. / © Luc Marteling
Op de Spuere vun de Lëtzebuerger Awanderer an Nordamerika, virun allem am US-Bundesstaat Wisconsin. Oder: Ënnerwee mam Kevin Wester ...
[rating]Wann ee mam Kevin Wester duerch Port Washington fiert, ass et, wéi wann ee mat engem liewe Geschichtsbuch ënnerwee wier.
"Do hannen an deem Haus huet de Richter John Uselding gewunnt, hie war e 'long term judge' hei. An hei vir dat, dat war de Saloon vum Jakob Krier from Bertrange."
Zu bal all Haus weess de Kevin Wester eppes z'erzielen. Hie wunnt selwer an dem klengen "historesche" Stiedche Port Washington um Lake Michigan, 2 Stonnen nërdlech vu Chicago a just 30 Minutte vu Milwaukee ewech, an och hien huet, wéi vill anerer hei, Virfahren aus Lëtzebuerg.

Ronn 2 Stonne brauch een, fir vu Chicago op Port Washington ze fueren. De Wee féiert laangscht de Lake Michigan, ee vun deene 5 grousse Séien un der amerikanesch-kanadescher Grenz. / © Google Maps
"D'Westers si vu Bartreng. 1854 ass mäi Great-Great-Grand-Pa heihi komm", erzielt hien - op Englesch, mee verschidde Lëtzebuerger Begrëffer huet hien entretemps awer ganz gutt drop.
6 Woche hätt d'Rees iwwert den Atlantik gedauert. Vu Lëtzebuerg am Prinzip op Antwerpen, vu do da mam Schëff iwwert d'Mier op New York, dono da weider, je nodeem wéi mam Zuch, bis bei déi Grouss Séien an dann nach eemol mam Schëff weider, éier dann dat leschte Stéck zu Fouss gemaach gouf.

An der Mëtt vum 19. Joerhonnert, wéi vill Lëtzebuerer an Amerika hiert Gléck probéiert hunn, gouf grad de Mid-West besiedelt, wat dann och erklärt, firwat ee Lëtzebuerger Spuere virun allem hei fënnt, dat heescht an den US-Bundesstaaten Illinois, Wisconsin, Iowa, Minnesota - awer natierlech net nëmmen do.

Port Washington ass een idealen Ausgangpunkt, fir sech op d'Sich no de Spuere vun de Lëtzebuerger Awanderer an dëser Géigend vun Amerika ze maachen. An all Kéiers ronn 15 Minutten ass een zu Belgium, wou et de Musée gëtt, zu Dacada, wou et eng Luxembourg Lane gëtt, oder zu Waubeka, wou all Joer an enger grousser Parade de "Flag Day" gefeiert gëtt, dee jo vum Bernard J. Cigrand initiéiert gouf - dat war de Jong vun engem Awanderer aus der Buerg (Buerglënster). / © Google Maps
An Amerika hunn d'Lëtzebuerger dann e Stéck Land kritt oder kaaft, dat si virdrun ni gesinn haten. Mol war et e gudden Deal, wann d'Land un enger Strooss louch zum Beispill, mol awer och ee schlechten, wann et vläit net geeegent war, eppes drop unzeplanzen. Egal wéi hu fir d'éischt emol missen d'Beem ëmgeha ginn. An och wann haut quasi nëmmen nach Häiser aus Holz hei gebaut ginn, déi éischt Lëtzebuerger hunn Häiser aus Steng opgeriicht - wéi zu Lëtzebuerg eben.
26 Stone Houses géif et am Ozaukee County ginn, deem Kanton also, vun deem Port Washington den Haaptlieu ass. Et ass een houfreg dorop, och wa si als "high maintenance" gëllen. An de Kevin Wester schéngt si all ze kennen, ass mat hinne souzesoen "per Du": Dat do ass déi al Scheier ("old barn") vu Kartheiser vu Befort, hei Colbach oder Neuhengen, do Bley oder Meyers an esou weider ... Op där eelster Stross laangscht de Séi Richtung Norden, dem Wisconsin Ethnic Trail, deen awer elo seng Bedeitung un d'Autobunn (Freeway) verluer huet, klappert de Kevin all déi al Bauerenhäff of a weess zu jidderengem mindestens eng Geschicht z'erzielen.

Dat aalt "Light House" vu Port Washington, dat restauréiert gouf an haut eng Touristen-Attraktioun ass. Um Waasser steet een Neit fir d'Schëffer ...
Zu der Geschicht gehéiert awer och Port Washington: De Bernard Schommer vu Käerch war hei deen éischte "Lighthouse Keeper". A wéi hie gestuerwen ass, huet seng Fra d'Relève iwwerholl an domat gëllt si als déi éischte Fra an de Vereenegte Staaten, déi jeemols an engem Leuchttuerm geschafft hunn.
All déi Detailer kennt och de Rick Smith, ee pensionnéierte Schoulmeeschter, dee vill fir de Leuchttuerm gemaach huet an och elo nach ganz dacks als Benevolen do schafft. Op engem gudden Dag bréngt hien de Besuch esouguer bis erop an d'Spëtzt - awer op de Kapp oppassen!
2002 ass d'Lighthouse nees mat Liewen erfëllt ginn, well deemools krut dat aalt Gebäi nees seng richteg Leuchttuerm-Spëtzt opgesat, déi an der Zäit ofmontéiert gi war. Den Impuls, dee sakrileg réckgängeg ze maachen, dee goung vum deemolegen Direkter vun "Service des sites et monuments nationaux", Georges Calteux aus.

Deen neie Kulturzenter zu Belgium, deen am August 2009 ageweiht gouf, esou ganz richteg awer eréischt am August 2010 opgoe wäert.
Port Washington ass ee regionalt Touristenzil, besonnesch bei de Fëscher ass et beléift, well hei och Stroum produzéiert gëtt (fréier mat Kuel an elo mat Gas), fléisst vill waarmt Killwaasser an de Séi, wat verschidde Fëschtzorte ganz gären hunn ...
A wat d'Geschicht vun de Lëtzebuerger an Amerika ugeet: Déi hält net op, mee gëtt weidergeschriwwen. An dokumentéiert. Finalement ass dat eng vun de Vocatioune vum neien "Roots and Leaves"-Musée zu Belgium - engem linguisteschen Oxymoron, dat a Lëtzebuerger Ouere vill méi komesch kléngt wéi an amerikaneschen, seet de Kevin Wester.
Hie schafft haut als Direkter vum Musée a verbréngt vill Zäit domat, Spenden ze sammelen, well mat Ausnahm vun enger Contributioun vum Lëtzebuerger Staat alles privat finanzéiert ginn ass.