¿Canigó? ¡Canigó!

Um Pic du Canigou (Pic del Canigó), dem ëstlechste Bierg vun de Pyrenäen (2784,66 m, esou Wikipedia).
Wanderen a kloteren um Bierg vun de Katalanen. Oder eng Erënnerung un en net geplangte Rendez-vous um Pic du Canigou, op der spuenesch-franséischer Grenz.
"Mir hate jo awer gesot, mir géingen eis ëm hallwer 11 hei gesinn."
Ech si menger Saach sécher: De Rendez-vous war op der Gare zu Villefranche-de-Conflent an net zu Vernet-les-Bains. An de Parking ass elo och scho bezuelt. Egal. Ech proposéieren der Madame, datt ech mech, zesumme mat mengem Meedchen, nees an den Auto sëtzen, an op Vernet-les-Bains fueren, wou den Jeep an déi aner Leit ewell op eis waarden. Dobäi ware mer – ausnahmsweis emol – virun der Zäit um Treffpunkt. D'Ëmdecidéiere fält engem awer liicht, well de Parking fir dee ganzen Dag just dräi Euro kascht huet an et bis op Vernet just fënnef Minutte solle sinn. An de Bierg rifft!
Wou?
Villefranche a Vernet leien um Fouss vun de Pyrenäen, ganz am Süde vun der Regioun Languedoc-Roussillon, wou ech de Gros vu menger (vill ze kuerzer) Summervakanz 2013 verbruecht hunn. Wéi sécher vill aner Lëtzebuerger och. Gudde Choix!
Um Programm vun haut steet de Pic du Canigou oder Canigó, wéi en op Katalanesch heescht, ëmmerhi beweege mer eis hei a Katalounien oder a Catalunya respektiv Cataluña, wéi se déi aner Säit vun de Bierger, a Spuenien, soen. De Canigó gëllt als mythesche Bierg vun de Katalounen, als hiren Olymp, och wann e mol keng 2.800 Meter héich ass an den Opstieg éischter eng besser Wanderung ewéi eng richteg Kloterpartie ass.

De Chef vun "Les Jeep du Canigou" waart mat engem wäisse Gefier um Bord vun enger Strooss zu Vernet, um Trëttoir hocken déi aner Passagéier. Da geet et schëtzeg weider: Mir bezuelen a quëtschen eis an den Jeep: D'Briten an d'Fransousen hannendran, déi zwee Lëtzebuerger vir. Ugestréckt gëtt sech net. E Mataarbechter mat afrikaneschen Originne féiert eis a ganz séier gëtt eis bewosst, datt et keng gutt Iddi gewiescht wier, et mam eegenen Auto ze probéieren.
"Et ginn zwee Weeër bis bei de lescht Hütt. Dësen hei ass eng 14 Kilometer laang an dofir brauche mer ronn eng Stonn. D'Streck ass iwwregens fir den normalen Trafic gespaart, just mir dierfen hei fueren", erkläert eis de jonke Mann, deen am Summer säin Dag domat verbréngt, dräi bis véier Mol Touristen op der knubbeleger Strooss erop- an erofzekutschéieren.
Deen anere Wee soll an engem besseren Zoustand, dofir awer och vill méi laang sinn. Zwou bis dräi Stonne bräicht een dofir, esou de Chauffer zu senge Passagéier, déi duerch déi vill Lächer an der Strooss gutt duerchgerëselt ginn.

Da komme mer op der Parkplaz an der Géigend vun der leschter Hütt un. 't schéngt nawell eng lass ze sinn um Bierg, well e puer Autoen halen ewell do an och eng ganz Rëtsch där Jeepen. Eise Grupp, deen den Zoufall zesummebruecht huet, léist sech op. Virdru kréie mer nach mat op de Wee: "Am Ufank no de rout-wäisse Strécher kucken, dann awer deene gielen nogoen, een Ament deelt sech de Wee nämlech. De Wee féiert ëmmer no uewen." Bon, kléngt logesch, ma d'Spëtzt vum Bierg gesäit een elo net a wie seet, datt ee fir eropzekommen net och heiansdo erofgoe muss?
Also lass!
Et ass e gemittleche Wee, duerch Wisen, laanscht Waasser, tëscht Beem erduerch. Mol ass d'Wieder besser, mol ass et manner gutt - a jee no Laun vum Wieder ass och d'Vue, déi de Canigou eis offréiert.
Da gëtt et op eemol méi géi, e gudden Ament fir eng Paus anzeleeën a mol eppes Klenges z'iessen. Wanderer, déi e bësse méi fréi wéi mir dru waren, kommen eis schonn entgéint. Si schénge schonn uewe gewiescht ze sinn. Wat mir der Spëtzt méi no kommen, wat et méi Géigeverkéier gëtt. Ma, keng Angscht, et bleift roueg. Vun "iwwerlaf" géing ech elo net schwätzen, vläit vu gutt besicht, ma et ass jo och een einfache Bierg ... wat d'Klammen ugeet!
Aus de Stëmmen, déi esou der uechtert fléien, stécht eng eraus: Lëtzebuergesch! Eis kommen der entgéint, déi Lëtzebuergesch schwätzen. Een eeleren Här an zwou Dammen, wann ech mech richteg erënneren. Ech schwätze kuerz mam Här, en Zitat aus menger Erënnerung: "Wéi ech viru 20 Joer fir d'éischt op de Canigou geklomm sinn, ass mer och e Lëtzebuerger entgéint komm."
Firwat?
Och wann ech mer bei den Zitater net méi sécher sinn, sécher sinn ech mer bei menge Gefiller: Ech hunn dat richteg sympathesch fonnt, eng onerwaarte Begéinung an der Friemt.
Eigentlech wéilt ech deem Här nodréiglech nach Merci soen, well ech hunn zanterhier dacks un dee butzegen Echange geduecht: 2 Lëtzebuerger, déi sech an der Welt begéinen a sech direkt verstinn.
Ma ass dat net eppes, wat ëmmer an iwwerall esou ass? Mir Lëtzebuerger an der Welt ... an amplaz eis ze verstoen, gi mer eis dach dacks esou richteg Méi, fir mateneen ze streiden.
An enger Wahlperiod ass dat jo nach ze verstoen, ma am "daily business"?
Cui bono?
Iwwregens, trotz deene ville Steng am Wee, meng Duechter an ech souzen um Enn uewen op der Spëtzt. Als Lëtzebuerger tëscht aneren.

Canigó? Canigo!
Can I go? Yes, I can. Yes, we can :-)