Nürnberg - Eng Stad am Chrëschtdagsféiwer

Liefkuch, Glühwäin, Schnéi, Chrëschtbeemercher an - natierlech - d’Chrëschtkëndchen, dat si wuel d’Haaptingrédienten, déi e schéint Chrëschtdag ausman.
Wou een dës Zutaten sou zimlech sécher fanne kann? - Zu Nürnberg um Christkindlesmarkt!
Um Schnéi schaffen se zwar nach am déiwe Bayern, och wann et um 3. Adventsweekend schonn e klengen Avant-Goût gouf. Liefkuch a Glühwäin ginn et awer am Iwwerfloss an och d’Chrëschtkëndchen huet sech dës Joer scho, ganz traditionell, Rendezvous ginn op deem Chrëschtmaart, dee säin Numm dréit.
Gefillte Chrëschtdagshaaptstad: 2 Mio. Visiteuren
Zu Nürnberg ass Chrëschtdagsfeeling garantéiert, di bayeresch Stad ass esou eppes wéi déi gefillte Chrëschtdagshaaptstad. Den Nürnberger Christkindlesmarkt gëtt et schon zanter der éischter Halschent vum 17. Joerhonnert, dat ganz geneet Gebuertsjoer ass leider net bekannt.
Mat geschaten 2 Millioune Visiteuren an enger Saison - déi geet dëst Joer vum 27. November bis Hellegowend - ass ët een vun de bekannteste Chrëschtmäert an Europa. Et ass awer beileiwe net dee gréissten, an och net deen mat dem meeschte Succès. Dortmund mat ronn 300 Stänn a Köln mat geschate 5 Millioune Visiteure féieren alleng an Däitschland de Ranking un.
D’Nürnberger Christkind huet dem Chrëschtmaart awer zu internationaler Renommee verhollef an zitt domat, wéi kéint et anescht sinn, ganz vill Japaner an Amerikaner un.
E bëssli Bayernkunde
Nürnberg leit am nördlechen Deel vun Bayern, vun Lëtzebuerg aus sinn et ronn 450 km bis dohin. Och wann d’Stad Nürnberg, genee wéi d’Stad Lëtzebuerg, "just" op 320 m läit, ass de Schnéirisiko däitlech méi héich. Wien also plangt, mam Auto bei de Christkindlesmarkt ze fueren, huet all Interêt, Wanterpneuen op den Auto ze montéieren.

Nürnberg gehéiert zu Franken an leit nördlech vun där imaginärer Grenz, déi d’Bayern de "Weisswurschtäquator" nennen. Si trennen domat déi, an hiren Aen, richteg Bayern, déi d'Weisswurscht als kulinaresch Spezialitéit kennen, vun de Franken. Dës hunn nämlech hir ganz eege Wurschtspezialitéit: d’Nürnberger Rostbratwurst an déi begéint een op Schratt an Tratt.
Um Christkindlesmarkt gëtt se, sou wéi hei zu Lëtzebuerg d’Grillwurscht, am Bréitche giess. Allerdings kënnt an ee Bréitche méi wéi eng Wurscht, wat sech zwar net doduerch erklärt, dass d’Nürnberger Gourmande wäre, mä vill méi well d’Wipp just tëscht 7 an 9 cm laang sinn. Kuerz, mee häerzhaft gehéiere se onbedéngt zu enger Visit zu Nürnberg dozou.
Am Restaurant ginn se mat Sauerkraut oder Gromperenzalot zerwéiert an, wa mer grad beim Kulinaresche sinn, e Besuch am Restaurant sollt een onbedéngt mat fränkischen Apfelküchlein ofrënnen. Dëst sinn Äppelbeigneten an si sinn en typesch bayereschen Dessert. E klenge Geheimtipp: déi beschten Apfelküchlein zu Nürnberg ginn et am Heilig-Geist-Spital. Jo, dir hutt richteg gelies: Dëse Restaurant ass am fréiere Spidol vun Nürnberg ënnerbruecht, mat Vue op d’Pegnitz.
Kinderweihnacht
Zréck op de Chrëschtmaart, deen besteet awer net just aus dem traditionelle Chrëschtmaart. Zanter 10 Joer hunn d’Kanner zu Nürnberg hiren eegene Chrëschtmaart: d’Kinderweihnacht an do fënnt een wierklech alles, wat e Kannerhäerz méi héich schloe léisst: e lauter Séissegkeeten, e risegrousst almoudescht Dréikaroussell, e Chalet fir Postkaarten ze molen an an an ... Wie mat Kanner zu Nürnberg ënnerwee ass, däerf dëse Rendezvous op kee Fall verpassen. Mee: Vill Zäit fir ze kucken an ze staunen aplangen!
Chrëschtdagskitsch exposant 2!

Wien mat Chrëschtdagsdekoratioun näischt oder net vill kann ufänken, deen sollt Nürnberg während der Adventszäit léiwer meiden.
Et huet een d’Impressioun, ganz Nürnberg géing sëch fir dës Zäit erausfitzen, déi eng Haiser sinn méi traditionell gerëscht, d.h. net onbedéngt manner, mee op jidde Fall manner opfälleg, déi aner, meeschtens Geschäfter, vill méi kitscheg.
Mee wat ass kitschëg an wat net? D’Amerikaner sinn op alle Fall iwwerraus begeeschtert vun de Butteker vun der Käthe Wohlfart an do ass, zumindest weekends, manner duerchkommen wéi um Chrëschtmaart - an dat wëll eppes heeschen.
Egal wéi, a Krëschtdagsstëmmung ze kommen ass zu Nürnberg ganz liicht ... an dat läit sécher net alleng un der Dekoratioun, mee och, a ganz besonnesch, un der Häerzlechkeet vu sengen Awunner.
E bësse Kultur als Zwëschegang
Wien dann awer eng Paus vun all dem Chrëschtdag brauch, dem sief e Besuch uewen aus op der Buerg ugeroden ... oder am Albrecht Dürer Haus. Dëse Moler, dee virum allem fir seng Perfektioun an der Kupferstéchtechnik bekannt ass an fir säi Bild vum Feldhues, ass zu Nürnberg gebuer an huet do och e Groussdeel vu sengem Liewe verbruecht.

Virun allem d’Virféierunge vun der Kupferstichtechnik am Musée sinn interessant, op engem dat awer 5 Euro pro Kapp an Nues wäert sinn, muss jidderee fir sech décidéieren ... Gratis kann een d’Reichsinsignien - Reichskrone, Zepter an Reichsapfel, also d’Symboler vun der Muecht vun de fréieren däitsche Keeseren - besichen. Et sinn allerdings just Kopien, fir d’Originaler ze gesinn, muss een op Wien fueren.
Besënnlech Adventszäit
Eng Paus vun der kommerzieller Facette vun der Adventszäit kann een awer och an enger vun de sëllechen Kierche fannen, denkt een. Nürnberg huet nämlech ganz vill Kierchen, alleng un den zwee Enner vun der Karolinenstrasse - eng vun den Haaptfoussgängerzonen - leien 3 Kierchen. Leider waren an 2 Kierche Visiteuren onerwënscht, à moins et géif een en Ticket kafe fir de Concert owes. Néanmoins d’St. Elisabeth Kiierch ass eng Visite wäert, si ass alleng duerch hir 50 Meter héich Kuppel impressionant, bestécht awer och duerch dee ganz am wäisse Marber gestaltenen Altor.

Shopping pur
Wien Chrëschtdag an Chrëschtmaart seet, deen denkt awer och un Christmas-Shopping. Um Christkindlesmarkt fënnt ee Mitbringsel fir all Goût: kleng Naschereie wéi zum Beispill de Liefkuch - och dofir ass Nürnberg bekannt - oder awer Glasbullen an Holzschnitzereien, an alle Formen a Faarwen, fir un de Beemchen. Zesumme mat de Butteker vu Käthe Wohlfahrt ass hien e "winter-wonderland", wat Dekoratioun fir op oder ënnert de Chrëschtbeemchen ubelaangt.
Nach net genuch geshopped? Déi zwou Haaptakaafsstroossen, d’Karolinenstrasse an d’Brunnengasse, hu fir all Goût eppes ze bidden, grouss Geschäfter fir Hären an Dammen, mi kleng Butteker a bekannte Marken.
Um Chrëschtbeemchen kritt Nürnberg dann och 5 Stären vun 5, well dës Stad am Chrëschtdagsféiwer huet wierklech fir all Chrëschtdagsfan eppes ze bidden: fir grouss a kleng, fir Romantiker a d’Frënn vum hoffnungslose Kitsch. Wie Chrëschtdag gär huet, wäert och Nürnberg gären hunn.