D’Liewe vun de Kaffisproduzenten am Nicaragua

No enger 24-Stonnerees sinn ech endlech an der Haaptstad vun Nicaragua, Managua, ukomm. Déi éischt Korrespondenz vum David De Bondt.
Den David De Bondt, vu Formatioun Assistant Social, ass no sengem Studium duerch Latäinamerika gereest a war virun allem begeeschtert vun Nicaragua. Nodeems hie vu senger Rees zréck war, huet hien decidéiert, ee Service Volontaire de Coopération, dee vum Service National de la Jeunesse organiséiert ass, ze maachen. Esou huet Fairtrade Lëtzebuerg hie bei hir Partnerorganisatioun Soppexcca an den Nicaragua geschéckt. Soppexcca ass eng Fairtrade zertifizéiert Unioun vu Kaffiskooperativen, déi sech an der Kaffishaaptstad vun Nicaragua, Jinotega, befënnt. Hie schafft do an engem Tourismusprojet mat de Produzenten a mécht sozial Aarbecht mat Jugendlechen aus rurale Kommunitéiten.

1. BLOG VUM DAVID DE BONDT
Managua ass eng onkonventionell Stad, am Fong ouni richtegen Zentrum. Et hat mol eng Kéier ee mä dee gouf 1972 staark vun engem Äerdbiewe beschiedegt a gouf doropshin méi oder wéineger abandonnéiert an ni richteg erëm opgebaut.

Alles läit wäit auserneen an et ass schwéier sech zu recht ze fannen.
Um chaotesche Busterminal El Mayoreo hunn ech de Bus fir op Jinotega, der „Haaptstad vum Kaffi“, geholl.
Ewech vun der hektescher Groussstad raus, ran an d‘Kaffisregioun. Et spiert een datt Héichsaison vum Kaffi ass, rondrëm Matagalpa läit iwwerall op grousse Plane Kaffi ze dréchnen. Matt Pick-ups, Camionen a souguer op den Diecher vun de Busse gëtt de Kaffi a Säck transportéiert. Am Lager vun der Kaffsikooperative UCA Soppexcca, déi och Fairtrade zertifizéiert ass, ginn dann dës Kaffissäck déi ëm déi 65 kg weien vun de „sacaderos“ ofgelueden a gewien an dono erëm opgeluede fir de Weidertransport.

Kaffisveraarbechtung
Ech hat dann och d‘Geleeënheet quasi dee ganze Prozess vun der Kaffisveraarbechtung ze beobachten. Der Union de Cooperativas Agropecuarias Soppexcca (Union de coopératives de produits agricoles) wou ech mäi Volontariat maachen, gehéieren eng naass-an eng dréche Veraarbechtungsanlag. An der éischter kënnt de frësch gepléckte Kaffi vun der Finca un, gëtt matt enger Maschinn geschielt a gewäsch. Dono geet de Kaffi bei d‘Büroe vu Soppexcca zu Jinotega wou e gewie gëtt an bei d‘Drécheveraarbechtungsanlag geet. Hei gëtt en dann op grousse Plane gedréchent a vu senger zweeter Schuel befreit. An engem grousse Raum sënneren dann haaptsächlech d‘Fraen nach all déi Boune raus déi net mat verschafft ginn. Dono gëtt e verpaakt a fäerdeg fir den Export gemaach.

Dat heiten ass just ee Resumé vun deene ganzen Etappen, et ass ee laangwieregen an ustrengende Prozess. Souwuel d‘Plécke wéi och dat ëmmer erëm Ëmtransportéire vun deene schwéiere Kaffissäck. Vum Camion rop, erëm rof, op d‘Wo, an d‘Lager erëm zréck op de Camion, erëm erof an esou weider.
Andeems een dëse Prozess an déi haart Aarbecht ka beobachten versteet een nach besser firwat et wichteg an am Fong eng Selbstverständlechkeet sollt sinn de Produzenten ee faire Präis fir hir haart Aarbecht ze bezuelen.

Och wann de Kaffi nëmme vun November bis Februar gepléckt gëtt huet d‘Produktioun ni eng Paus. Nei Planze mussen ugebaut ginn, aler an där di vu Krankheete befale si ginn aussortéiert. D’Schutz- an Düngemëttel mussen opgedroe ginn. Stänneg Kontrolle sinn erfuerderlech a vill Onkraut gëtt nach mat enger „Machete“ ewechgemaach. Maschinne ginn hei quasi net benotzt .
Erschreckend sozial Situatioun um Land
Doduerch datt ech an engem solidareschen Tourismus mat de Kaffiproduzente schaffen, sinn ech vill um Land ënnerwee an hunn och ëmmer erëm Konversatioune mat de Produzenten.
D‘Situatioun um Land ass ëmmer nach immens aarm- mä ville Produzenten no huet se sech awer an deene leschte Jore verbessert.
D‘Leit um Land an der Regioun Jinotega liewe logescherweis vun der Landwirtschaft. An dëser Regioun sinn déi heefegst Produkter Kaffi, „Frijoles“ (Bounen“), Mais, Banannen a Platanos. Wann d‘Duerf net ze héich läit och Kakao, deen ëmmer méi gefuerdert gëtt.
D‘Leit liewen a fir eise Verhältnisser klengen Haiser. Meeschtens sinn et kleng Holzhaiser an deenen se oft mat der ganzer Famill vun 3 Generatiounen liewen. Een typescht Haus huet eng Kiche wou op oppenem Feier gekacht gëtt. Ee Wunnzëmmer, ee Schlofzëmmer fir d‘Elteren an dann een oder zwee Schlofzëmmer fir de Rescht vun der Famill. De Buedem ass einfach gestampft an d‘ Toilett ass an enger klenger Kabinn ausserhalb.

E puer Hinger a Muppe lafen duerch d‘Haus an am Gaart sëtzt dat eent oder dat anert Schwäin.
De „Wuelstand“ vun enger Communautéit hänkt oft mat der Accessibilitéit zesummen. Ech hu konstatéiert datt wat méi wäit oder wat méi eng schlecht „Strooss“ vun der Stad zum Duerf féiert, wat méi déif ass d‘Liewensqualitéit a wat méi grouss sinn déi sozial an economesch Problemer.
Dëst ass ganz einfach z´erklären. Wou d‘Stroosse schlecht si fuere keng Busser hinn ( dat heefegst Transportmëttel fir déi kleng Produzenten um Land) Motorrieder oder souguer Autoe kënnen nëmmen déi wéinegst sech leeschten.
Keen Transport heescht ee méi schwéieren Accès zum Marché, zur Schoul an zur medizinescher Versuergung. Dësweideren ass d‘Kapazitéit vun der Police um Land immens limitéiert, et feelt u Personal an Infrastruktur. A verschiddenen Dierfer trefft een d‘Police am Fong ni un.
Also hänkt och den Aspekt vun der Sécherheet mat der Accessibilitéit zesummen.

Economesch Problemer féieren zu soziale Problemer
Wou et eng schlecht economesch Situatioun gëtt, gëtt et als logesch Konsequenz och sozial Problemer. Verschidde Leit klauen sech, well se hongereg sinn, een Hung oder eng Zalot aus dem Noper sengem Gaart. Dëst féiert dozou datt verschidde Leit keng Zalot méi ubaue well et sech net rentéiert an se um Maart kafe wat awer ee gutt Stéck méi deier ass, -ee perfekten Däiwelskrees.
D‘Situatioun vun de Jugendlechen ass natierlech och immens schwéier an dësem Ëmfeld. Oft feelt et hinnen u Méiglechkeeten sech ze „ameséieren“. Et gëtt keng Sportsplaz oder soss ee sozialen Treffpunkt. Och ee Ball oder anert Material ass villen ze deier. Also bleift hinnen oft just Aarbecht a Langweil an – dorop kommen ech herno nach eng Kéier zréck – Telenovelas.
„Scho besser wéi virdrun“
An dësem Kontext ass et erstaunlech wann da verschidde „campesinos“ erzielen et wier awer alles scho besser wéi viru 5 Joer „dank sei der Regierung.“
Vill Dierfer di viru 5 Joer nach kee Stroum hate sinn elo un d‘Stroumnetz ugebonnen (an dat fir ee relativ gënschtege Präis), d‘Stroosse goufe verbessert an en plus ginn et ëmmer méi Schoulen. Dësweideren hunn ëmmer méi Leit Accès zu fléissendem Drénkwaasser.
Déi heiten Ausso kënnt awer vu Produzenten um Land. Leit déi an der Stad liewen sinn der Meenung datt d‘Situatioun sech verschlechtert. D‘Paie sinn nach ëmmer genau esou déif ewéi virun 10 Joer mä de Liewensmëttelspräis geet stänneg an d‘Luucht. Een Index gëtt et hei net.
Accès zur Bildung
Et gëtt och ëmmer méi Primärschoulen an den Dierfer an och Secondaire sinn amgaangen sech ze verbreeden. D‘Schoul ass gratis fir jiddfereen an och d‘ Schouluniform (déi net jiddfereen sech ka leeschten) ass net méi Pflicht. Wann een den Zweck vu Schouluniform a méi räiche Länner analyséiert ass et ironesch datt hei um Land e Schüler an Uniform aus enger Famill kënnt déi e bësse méi Suen huet.

Natierlech sinn d‘Moyenen vun dëse Schoule begrenzt, -et däerf een net vergiessen dat ech hei vun engem vun deenen äermste Länner aus Latäinamerika beriichten, zum Vergläich , nach méi aarm wéi Honduras oder Bolivien.- Wann se kee Proff fannen dann iwwerhëllt een aus dem Duerf deen eng Secondaire méi oder wéineger erfollegräich ofgeschloss huet dës Roll. Natierlech sinn d‘ Klasse méi grouss a virun allem ass den Alter méi gemëscht ewéi bei eis.

Den Accès zum Secondaire bleift méi schwéier mä d‘ Situatioun ass amgaangen sech ze verbesseren. Vill Jonker ginn de Weekend an d‘Schoul well se engersäits musse schaffen an anerersäits liewen se oft ze wäit vun engem Secondaire ewech fir ze Fouss dohin ze goen. Een deeglechen Transport dohi kéinten nëmmen déi wéinegst sech leeschten, wann en iwwerhaapt virhanden ass.
Eng universitär Ausbildung ass natierlech fir nach manner Leit zougänglech. Verschidde gutt Schüler hunn d‘Recht op eng finanziell Hëllef vum Staat oder vu Soppexcca (heirop kommen ech an der Partie fairen Handel zréck)

(Problematesch?) Beschäftegung: Telenovelas
Ech hunn uewen d‘Wunnsituatioun beschriwwen. Intressant ass datt bal all Haus wat um Stroumnetz ugeschloss ass eng Satelitteschossel um Daach huet. D‘Antenne sinn all vun der selweschter Telésgesellschaft déi sech immens gutt uleet fir de Leit déi bal keen Akommes hunn awer hire Produit undréinen. Si bauen hinnen d‘ Antenne „gratis“ dohin an dono mussen d‘Leit da pro Mount ee relativ bëllegen Montant bezuelen fir Telé kënnen ze kucken. Dat heiten am Zesummenhang matt der Langweil déi ech beschriwwen hu féiert dozou dat vill Jonker hir Fräizäit virun der Telé verbréngen. D‘Telenovelas a Fussball sinn hei ewéi a ville latäinamerikanesche Länner immens beléift.
Verschidden eeler Leit déi sech Gedanken em d‘ Gesellschaft maache stinn den Telenovelas an der Telé am generellen immens kritesch géigeniwwer.

Effektiv kënnen dës Telenovelas ee Problem sinn. Si vermëttelen ee Liewe wat fir d‘Leit um Land quasi onerreechbar ass. (och di latäinamerikanesch Serien spillen net um Land mä a „modernen“ „verwestlechen“ Stied an der sozialer Uewer - oder héier - Mëttelschicht).
Déi Jonk um Land gesinn dëse Liewensstil als Norm un. Vill géingen och gär an esou Autoe rondrëm fueren, sou schéi Kleeder undoen an einfach der dominéirender Klass ugehéieren.
Hir Perspektive sinn awer immens begrenzt. Eng Ausbildung am Secondaire ze maachen ass net fir jiddferee méiglech an op d‘Uni packen et just ganz wéineg. Déi meescht wäerten hiert Liewe laang um Land schaffen. Verschiddener verschléit et natierlech an d‘Stad oder op Costa Rica an der Hoffnung op ee bessert Liewen mä och do ass d‘Chance bal null datt se eng Aarbecht fannen déi „digne“ ass an et zu engem Wuelstand packen. ( Déi ,déi et an d‘USA probéiere gëtt et och awer dat ass nach ee ganz anere Fall iwwert deen ech och nach eng Kéier wäert berichten).
Dat schéint Liewen op der Telé – wat fir eis Europäer sou selbstverständlech ass- ass fir si meilewäit ewech.
Langweil, ee Mangel u Perspektiven an Aarmut féieren dozou dat vill Jugendlecher verzweiwelen an eng Depressioun entwéckelen wat a verschiddene Fäll leider fatal Konsequenzen huet. Alkohol an Drogeproblemer gëtt et natierlech um Land.
Ech well awer keen erschrecken, ech hunn hei d‘Haaptproblemer vun de méi ofgeleeëne Communautéite beschriwwen. Wann een awer op d’Land fiert heescht dat elo net dat een do een Horrorszenario erlieft. Et gëtt immens vill Baueren déi sech zefridde mat deem gi wat se hunn a soen dat se alles hu wat se brauchen, Famill, Iessen a Land. D‘Leit si meeschtens bëssen zeréckhalend awer immens frëndlech an oft gëtt een op ee Kaffi invitéiert. Och ass et net esou dat hei jiddfereen depriméiert ass, et ass ewéi bei eis, déi eng gi besser mat hirer Liewenssituatioun eens ewéi anerer.
Pertinenz vum Fairen Handel
Een anert Thema wat mer méi oft uschwätzen ass d‘Thema vum Fairen Handel. Sou huet ee Bauer mer erkläert firwat hie frou ass bei der Kooperative Soppexcca ze sinn. Virun 10 Joer wéi hien nach net an der Kooperativ war huet hie säi Kaffi einfach um Maart verkaf. Hien huet do méi oder wéineger de Präis missten akzeptéieren deen den Zwëschenhändler him ginn huet. De Minimalpräis am Fairen Handel ass wichteg fir eng Stabilitéit ze hunn a seng Zukunft kënnen ze plangen. Dest em sou méi, well de Kaffispräis huet immens héich an heefeg Schwankungen. Dëst Joer krut een ouni Minimalpräis zäitweis just 80 Dollar pro "quintal". De Minimalpräis dee Fairtradeproduzente kréien ass 150 plus eng Prime vun 20 Dollar déi fir sozial Projeten genotzt gëtt.
D‘Union vu Kooperativen Soppexcca ënnerstëtzt ganz Communautéiten. Zum Beispill gi se Schoulmaterial, kleng Boursen fir ze studéieren („vecas“) , Uniformen an esou weider.
Aner Beispiller vu Saachen déi mat de Fairtrade Prime gemaach ginn ass d‘Baue vu Schoulen, Stroossen oder d‘Leeë vu Waasserleedungen. D‘Cooperative decidéiert zesummen wéi ee Projet fir d‘Communautéit nëtzlech ass.

Festival internacional de la poesia
Ech hunn elo vum Land geschwat, Nicaragua huet awer nach vill méi ewéi nëmmen ee Landliewen.
Et gëtt vill Stied a verschiddener vun deenen sinn immens schéin, ech denken hei virun allem un déi zwee al Kolonialstied León a Granada.
Och huet Nicaragua eng räich Kultur an eng beweegend Geschicht an dovun ofgesinn eng spektakulär Landschaft wéi Pazifikküst, Atlantikküst, Vulkanen, Séien an eng eng diversifizéiert Fauna.
An der Haaptstad Managua fannen all Woch kulturell Aktivitéiten statt, sief et Theater, Danz, Concerten oder aneres.
Esou war virun e puer Wochen de „Festival internacional de la poesia“ zu Granada.
Virun der impressionanter Kuliss vun ale Kolonialgebaier hunn 130 Poeten vun de 5 Kontinenter dee ganze Weekend laang Gedichter virgedroen. Et war esouguer de Lëtzebuerger Poet Jean Portante do an huet 2 Gedichter op franséisch an dono di spuenesch Iwwersetzung selwer virgedroen. Dës weidere goufen Concerten an traditionellen Danz gebueden. Dee ganze Weekend war staark besicht, souwuel vun nationalen ewéi och vun internationalen Touristen.
Ech hoffen dat heiten huet iech ee klengen Abléck an dat interessant Land Nicaragua erméiglecht. Et gëtt nach vill Themen déi ech a mengen nächsten Blogs wäert uschwätzen wéi zum Beispill d‘Geschicht, d‘ Stroossekanner um gréisste Maart vun Zentral Amerika, d‘Politik… .
