Politesch Neiegkeeten dominéieren d'Bild vun Israel an den europäesche Medien. D'Chrëschtzäit ass eng optimal Geleeënheet, mol eng aner Facette ze weisen.

Worun denkt een, wann een "Israel" héiert? Un den No-Ost-Konflikt, un den Zweete Weltkrich, d'Nazien, Auschwitz, d'Mauer tëscht dem Juddestaat a Palästina, ëm d'Bedroung duerch den Iran, Attentater, d'Situatioun an der Gazasträif, u politesch Ausernanersetzungen an Israel an och tëscht deenen eenzelne Palästinensergruppéierungen.

An anere Wierder: Bei Israel schwéngen éischter komplex Saache mat, et mécht een - vläit ouni et ze wëllen - vill negativ Associatiounen. datt et nieft all deene berechtegte "Biller" awer och nach een anert Israel gëtt, dat sollt een ni vergiessen.

Eng Rees an dat "hellegt Land" ass déi beschte Geleeënheet, vläit net onbedéngt mat Viruerteeler opzeraumen, mee sech awer mol méi e komplett Bild ze maachen. An dësem Fall een touristescht, well Israel ass flott an egal wéi jo och ëmmer Deel vun eiser eegener Geschicht ...

An enger däitscher Sonndeszeitung huet viru kuerzem een e klengen Artikel geschriwwen, datt e sech getraut hätt, an Israel ze fléien. Beim Check-in wier hie gefrot ginn, ob hien da keng Angscht hätt. Seng Äntwert: Am Moment hunn ech éischter Angscht, an enger Münchner U-Bahn erschloen ze ginn ...

Zeng Moosse vu Schéinheet sinn an d’Welt komm, 9 dovunner ware fir Jerusalem, eng fir d’Welt. Zeng Moosse vu Leed sinn an d’Welt komm, 9 dovunner fir Jerusalem, eng fir d’Welt.

Esou heescht et an enger vun den ale Schrëften. An datt Israel eppes Besonnesches ass, gëtt engem awer relativ séier kloer. Zu Frankfurt um Fluchhafen zum Beispill stinn d'Maschinne vun El Al ënnert engem ganz besonnesche Schutz. Police a Militär passen op an ee gepanzerte Won begleet d'Maschinn op der Pist.

Dann: Jerusalem, d'Häerz vun Israel an och den Highlight vun Rees an d'Land. Natierlech huet Israel vill méi ze bidden, wéi "just" Jerusalem, mee ob der ganzer Welt gëtt et kaum eng Plaz, déi mat Jerusalem ze vergläiche wier. Firwat dat esou ass, dat geet een am beschte selwer kucken ...

Natierlech huet Israel zum Beispill mat senge 4 (schuckeleg waarme) Mierer 4 genial touristesch Destinatiounen: d'Mëttelmier, d'Rout Mier, d'Doudegt Mier an de Séi Genezareth (op Englesch: Sea of Galilee).

Mee dat, wat wierklech eng beräichernd Erfahrung ka sinn, wann ee sech dann drop aléisst, dat ass Jerusalem. Nee, net nëmmen, well et hei dacks zu Zesummestéiss tëscht Judden an Araber kënnt, mee well een hei gesäit, wat d'Relioun verschiddene Leit bedeit. Ganz bewosst ouni dat elo wëllen ze wäerten, mee vill Leit weisen engem hei, datt si hiert Liewen no der Relioun ausriichten - an net ëmgekéiert.