E Lëtzebuerger Kichechef am Fräizäitpark
Den Thierry Gnaedig ass Kichechef vun der Park- an Eventgastronomie vum Europa-Park zu Rust. Vum Marc Jeck
Vum einfache Snack bis bei de Sechs-Gang-Menü: An de 54 Restauratiounsbetrieber vum Europa-Park zu Rust ass fir all Goût eppes derbäi. Logistesch ass et eng Erausfuerderung fir am gréissten däitsche Fräizäitpark - 2013 hu knapp 5 Millioune Visiteuren de Park besicht - de Kachläffel ze réieren. Déi 44 Käch am Europa-Park ginn dobäi vun engem Lëtzebuerger coordinéiert. Zënter 2010 ass den Thierry Gnaedig Kichechef vun der Park- an Eventgastronomie zu Rust.
Mam Thierry Gnaedig kënnt e gutt Stéck Europa op den Teller an de Restaurants vum Park, deen bei de Lëtzebuerger Famillje ganz beléift ass an fir Nationalfeierdag ëmmer gutt vun de Gäscht aus dem Grand-Duché besicht gouf. Den Thierry Gneadig ass gebierteg vu Lëtzebuerg, lieft a Frankräich a schafft am gréissten däitsche Fräizäitpark. Éier hien op Rust koum, huet de Lëtzebuerger Kach e.a. beim Stroossbuerger Stärekach Emil Jung ("Au Crocodile") an och am Hotel-Restaurant Reuter zu Welschent geschafft.
Mam "Gastrombil" duerch 13 Themeberäicher
Dee sympatheschen Ettelbrécker huet eis en hallwen Dag laang mat duerch déi verschidde Gastronomiebetrieber vum Europa-Park geholl an eis iwwert säin ofwiesslungsräichen Job erzielt. A fir vun enger Kichen bei déi aner ze fueren - ëmmerhin zielt den Terrain vum Park 94 ha - fiert den Thierry Gnaedig mat engem Elektroauto, dem "Gastromobil".
"Déi gréisst Erausfuerderung fir d'Kichen am Europa-Park ass, datt mir quasi alles selwer sur place kachen", ënnersträicht de Lëtzebuerger, deen eng qualitativ héichwäerteg Gastronomie am Park ustrieft. "Alles muss all Dag frësch op den Dësch kommen", seet hien, "well trotz Zäitdrock muss d'Qualitéit stëmmen". Während der Saison preparéiert d'Zentralkichen all Dag z.B. 150 Liter Kallefsfonds an 200 kg Deegwueren.
Den Thierry Gnaedig gëtt nach e puer aner Beispiller: "Fir Dinner-Show mam Stärekach Emile Jung sinn an 2 Méint fir knapp 12.000 Gäscht 3 Tonnen Rëndsfilet verschafft ginn. Leschten Hierscht si während der Halloween-Saison 36.000 Portiounen hausgemaachter Kürbiszopp zerwéiert ginn".
De Visiteure stinn 10.000 Sëtzplazen an de Restaurante vum Park zu Verfügung. An den 13 Themeberäicher vum Europa-Park gi landestypesch Platen ugebueden - vun der Paëlla am "Don Quichotte" iwwert Raclette am Schwäizer Duerf bis bei "Fish & Chips" am engleschen Themeberäich. "All Restaurant huet seng Spezialitéit", seet den Thierry Gnaedig.
Niewent de 54 Restauranten an Take-Outs vum Park coordinéiert de Lëtzebuerger och d'Eventgastronomie, déi iwwert dat ganzt Joer am Park fonctionnéiert. Vum klenge Firmenevent bis bei Gala-Iessen fir 5.000 Leit: den Thierry Gnaedig ass zoustänneg fir d'Wueren anzekafen, Menüvirschléi ze maachen, Präisser auszerechnen an nei Produiten ze entwécklen.
Well de Park entwéckelt net nëmmen nei Attraktiounen a Spiller. Um Teller soll déi Kreativitéit an déi Dynamik vum Park och deklinéiert ginn. "Nei Attraktioun, neit Iessen", sou ass de mot d'ordre. Den Thierry Gnaedig kënnt där Invitatioun gären no. An der neier Indoor-Themewelt "Arthur und die Minimoys", déi demnächst opgeet, ass och e Restaurant mat 60 Sëtzplaze virgesinn.
"Hei fueren souguer hausgemaachter Menüen Achterbunn"
Stolz weist de Familljepapp eis dee weltwäit éischten Achterbunn-Restaurant "FoodLoop", wou d'Iessen an d'Gedrénks no e puer spektakuläre Loopings um Dësch ukommen. Den Thierry Gnaedig hellt eis mat an d'Kichen. Si ass net schrecklech grouss, wann ee bedenkt, datt hei 1.500 Menüen Dag fir Dag "achterbunntauglech" gemaach musse ginn, fir datt de Filet de boeuf oder d'Zalot mat Dressing och ganz beim Client ukënnt. Alles gëtt gutt an Dëppen verpaakt - éier d'Iesswueren Achterbunn fueren.
Op d'Fro hinn, wat d'Lëtzebuerger dann am léifsten am Europa-Park iessen, seet den Thierry Gnaedig. "D'Lëtzebuerger huelen sech gären Zäit beim Iessen". An der Kantin, wou all Dag fir 1.000 Mataarbechter gekacht gëtt sinn iwwregens Schnitzel a Käsespätzle de Renner.
Op elo an der Saison oder no der Saison - an der Kichen am Europa-Park gëtt 365 Deeg Adrenalin fräigesat. An den Thierry Gnaedig ass mat vun der Partie.