Eng Etude beleet, datt Frankräich dat Land mat de meeschte Visiteuren op der Welt ass. 84,7 Milliounen Touriste sinn 2013 bei eis Nopere gereest.

Eng Etude, an Optrag ginn vum Wirtschaftsministère an der Zentralbank huet dat festgestallt. Et gouf, par Rapport vum Joer 2012, souguer eng Augmentatioun vun iwwer 2 Prozent. Op Rang 2 plazéiert sech d'USA mat 69,8 Milliounen Touristen an drëtt beléifsten d'Land ass Spuenien mat 60,7 Milliounen.

RTL

© AFP

A Frankräich kommen déi meeschten Touristen aus Däitschland, ëmmerhinn 13 Milliounen 2013, mä och d'Briten sinn an héijer Zuel vertrueden. Bei den Däitschen gëtt Frankräich ëmmer méi beléift, 6,5 Prozent méi Leit wéi 2012, dogéint koumen awer manner Leit aus der Belge, Lëtzebuerg, Italien a Spuenien an d'Heemechtsland vum Asterix an Obelix.

RTL

© AFP

Vun den Net-Europäer kommen déi meescht Touristen aus Nordamerika. Mä och an Asien gëtt den Tripp ëmmer méi beléift. D'Zuel ass bal ëm 13 Prozent géigeniwwer 2012 an d'Luucht gaangen an d'Zuel vun de Chineesen, déi Paräis oder d'Côte d'Azur bereesen huet sech vun 2009 aus verduebelt.  Aus Japan dogéint koumen awer manner Leit, well fir si den Tripp an Europa duerch de schwaache Yen ze deier gëtt.

D'Ziel a Frankräich ass fir am Joer 2030 op iwwer 100 Milliounen Touristen am Joer ze kommen.