Schlecht Wieder gutt fir Last-Minute-Offeren

Wat d'Wieder hei an an der Ëmgéigend méi schlecht ass, wat méi Leit vun de "Last-Minute"-Offere profitéiere wëllen.
D'Wieder war an de leschte Wochen net ëmmer dat Gielt vum Ee. An anere Wieder: De Summer ass am Gaangen, esou richteg an d'Waasser ze falen.
Mat 236 Sonne-Stonnen loung de Mount Juli e gutt Stéck ënnert der Moyenne vun 250. A wat de Reen ugeet, sou sinn 114 Liter op de Meter-Carré gefall: 40 Liter méi, wéi soss am Schnëtt an dësem Mount op Lëtzebuerg falen.
Et ginn der awer, déi sech iwwert dat schlecht Wieder heiheem freeë kënnen: d'Rees-Agencen. Fir si gëtt et kee Summerlach. Wat d'Wieder méi schlecht ass, wat méi Leit vun de "Last-Minute"-Offeren profitéieren.
D'Nofro ass an de leschten Deeg nawell an d'Luucht gaangen an ze kréie wier och nach vill - zu gudde Präisser, heescht et.
A wann ee sech d'Previsioune fir déi nächst Deeg sou ukuckt, da kéinte sécher nach e puer Leit méi op d'Iddi kommen, fir séier an d'Sonn ze fléien.