Si gëtt « Kinnigin vun der Nordsee » genannt: d'Insel Sylt. Déi nërdlechst däitsch Insel huet fir all Goût an all Alter eppes ze bidden...

Text a Fote vum Marc Jeck

Sou kontrasträich wéi seng Landschaften tëschent dem wëlle Mier an deem éischter beschauleche Wattemier sinn, sou ënnerschiddlech ass déi touristesch Offer, déi een op Sylt entdecke kann.

Eleng d'Urees mam Zuch iwert deen 11,5 km laangen Hindenburgdamm ass en Erliefnis a féiert duerch eng Séilandschaft, déi mat Ebbe a Flut sech ëmmer erëm nei erfënnt. Iwer 8.000 verschidden Déirenzorte si ronderëm an op der Insel Sylt repertoriéiert. Viru genau 5 Joer huet d’UNESCO d’Wattemier mat senger Fauna a Flora dofir als « Weltnaturerbe » registréiert. D’Wattemier bidd iwwregens eng Raschtplaz fir 10 Milliounen Zuchviggel.

RTL

Bei enger Wattwanderung kritt een deen eenzegaartegen Natur-Spektakel vun de Gezäiten erkläert a kann déi spannend Muschelwelt souzesoen mat de Féiss erliewen. Ween d’Déirewelt ronderëm d’Insel Sylt mat dréchene Féiss entdecke wëll, dee kann an dem Musée vun der Wattemier-Statioun zu Hörnum, de südlechsten Hafen, op eng interaktiv Manéier sou muenches iwwert deen nordfriesesche Landschaftsstreech kenne léiren. Um fiktiven « Dünenraupenrallye » kritt een z.B. erkläert, datt eng Häerzmuschel nëmmen 3 Sekonne brauch, fir sech am Sand ze vergruewen an datt et am Nationalpark Wattemier iwwer 10.000 Séirobbe ginn.

D’Séirobben kann een iwwregens « in natura » gesinn bei enger Fahrt mat engem Schëff bei d'Sandbänken – wann Ebbe ass. Bei Flut kann een d’Séihënn mat e bëssche Chance am Waasser schwamme gesinn. Souwuel vum südlechsten Hafen Hörnum, wéi och vum nördlechsten Hafen List fuere regelméisseg Schëffer bei d’Sandbänken. Ënnerwee gëtt dann en Netz an d’Waasser gelooss an de mot d’ordre heescht « Seetierfang » - e « crash cours » a Meeresbiologie um Schëff, wou d’Kanner dann och däerfe Séistäeren, Krabben, Kriebsen an aner Muscheldéiren upaken.

RTL

«Crash-Cours» a Meeresbiologie op dem Schëff «Gret Palucca»

Austeren a Glace « made in Sylt »

Während zu Hörnum d’Fëschkutter stinn, déi d’Sylter Moulen u Land bréngen, sou ass et zu List d’Auster déi am Mëttelpunkt steet. 1930 ass déi europäesch Auster zwar aus der Nordsee verschwonnen, ma säit e puer Joer gëtt et am nördlechsten Hafen vun der Insel d’Austern-Company, déi um Nordseestrand d’Auster « Sylter Royal » ziicht. Wann ee ronderëm List beim Muschelrafen och op Austeren stéisst, da sinn dat Austeren déi aus der Ziichterei « ugebéchst » sinn.

RTL

Den Hafen vun Hörnum mat de Schëffer déi säit dem 15. August d'« Sylter Miesmuschel » u Land bréngen

List ass net nemme bekannt fir déi « nördlichste Fischbude Deutschlands ». Säit dësem Joer ginn et zwee nei Lister Produit’en : « Sylter Eis » a « Sylter Meersalz ». E Besuch an der « Sylter Eismanufaktur » lount sech fir déi lecker hausgemaachte Glacen ze schmaachen. Besonnesch fein schmaacht d’ « Sylter Milcheis ».

RTL

List mat der «nördlichsten Fischbude Deutschlands»

Experimentéierfreedeg sinn déi Sylter, well e Produit wéi « Vanille-Milcheis mit Kürbiskernöl » kann een nëmmen zu List consomméieren. An et ka vir kommen, datt een an der Schlaang stoe muss, well de Glace-Butték vun der « Sylter Eismanufaktur » ass op der ganzer Insel bekannt.

RTL

Eng Glace aus der Sylter Eismanufaktur

Originell ass och d’ « Sylter Meersalzmanufaktur » wou de Stäerekach Alexandro Pape (2 Michelin-Staeren) Salz aus der Nordsee gewënnt. 80 bis 100 Kilo Salz den Dag produzéiert hien an enger Indoor-Saline. De Stäerekach profitéiert hei – grad wéi all Sylt-Visiteur - vun der gudder Loft a vun dem propperen Nordseewaasser, dat Drénkwaasserqualitéit huet.

RTL

E Kach deen näischt versalze wëll: Alexandro Pape

Rivaner aus dem nördlechste Wéngert vun Däitschland

Landschaftlech reizvoll ass de Wee tëschent List a Kampen mat sengen uregen Dünen an dem Erika, dee wéi e mauven Teppech d’Hiwwele couvréiert. Schéi Spazéier- oder Veloswéeër ginn et duerch d'Dünen, wou een ëmmer erëm Panoramavuen op d’Mier huet. Wann ee ronderëm de Kliff-Leuchtturm aus dem Joer 1913 spadséiert, da versteet een, firwat Schrëftsteller wéi Thomas Mann a Max Frisch sech hei wuel gefillt hunn oder den däitschen Expressionist Emil Nolde zu Sylt ganz kreativ war.

RTL

De Kliff-Leuchtturm vu Kampen mat der Dünenlandschaft

Iwwert couragéiert Kapitänen erzielt e ganzt Duerf: Keitum. An deenen zwee Muséeën vun dem idylleschen Duerf op der Ostküst vun der Insel gëtt d’Schëfffahrt op der Nordsee an d’Liewen tëschent Watt a Mier thematiséiert. Zu Keitum gëtt och déi Sylter Sprooch, déi dem engleschen ganz no kënnt, wéi e Schatz gefleegt. Hei sollt een net verpassen an déi « Kleine Teestube » ze goen, an ee vun de Sylter Téizorten ze schmaachen, déi d’Leit gären als Souvenir mat heem huelen. Um nërdlechste Kierfecht vun Däitschland zu Keitum leien niewent de Kapitänen, déi sech en Numm bei Expeditiounen a beim Finnwalfang gemaach hunn, och Perséinlechkeeten wéi de Grënner vum Magazin « Der Spiegel » Rudolf Augstein.

RTL

Keitum: Griewer vu Kapitänen

Net wäit ewech vun der Kierch mat sengem markante Kierchtuerm steet den nërdlechste Wéngert vun Däitschland. E Wënzer aus dem Rheingau huet hei virun e puer Joer 500 Rivaner-Riewen an 1100 Solaris-Riewen ugeplanzt an huet schonns e puer mol eng interessant Drauwelies op der Insel Sylt duerchgefouert. E Wäin vun der Insel Sylt, deen am Reizklima vun der Nordsee wiisst, ass eppes ganz besonnesches an exklusives - wéi sou muenches wat een zu Sylt begéint.

RTL

Op der Promenade zu Westerland

Fir Surfer ass d’Küst virun der « Haaptstad » Westerland en Eldorado. An och ouni Surfbried mécht et Spaass an de Wellen ze sprangen oder einfach nëmmen op der Promenade dem Spill vum Mier an de Leit an de Strandkierf nozekucken. An owes zu Westerland begéinen sech d’Leit a stellen sech op d’Plage fir en « open air »-Kinospektakel, deen d’Natur an den Himmel projezéiert: De Sonnenënnergang. Dobäi leeft d’Musek vum Charles Trenet « La Mer ». Romantik oder Kitsch? Do huet jiddereen eng aner Opfaassung, mä déi Insel huet vill Facetten, déi derwäert sinn entdeckt ze ginn.

RTL

Sonnenënnergang zu Westerland