"Du geess op London? Do reent et dach ëmmer!" D'Wieder ass an der britescher Haaptstad eng Fro vu Chance, mee allzevill si mir jo hei och net verwinnt...

1894 ass déi 244m laang Tower Bridge opgemaach ginn an zënter do ass si eent vun de Wouerzeeche vu London.
Duerch en hydraulesche System kann d'Bréck eropgeklappt ginn, esou datt och grouss Schëffer déi iwwer d'Themse fueren, konnten doduerch kommen.
D'Foussgängerverbindung op der ieweschter Passerelle ass net beweglech, sou datt een och zu Fouss kann op déi aner Säit kommen, wann d'Bréck héichgeklappt ass. Hei fënnt een och e Musée iwwert de Bau vun der Tower Bridge.

RTL

Westminster Abbey Underground Sortie: Westminster

D'Westminster Abbey ass déi wichtegst Kierch vu London. D'Traditioun verlaang datt sämtlech Kinniken a Kinniginnen hei gekréint a bäigesat ginn. Mee och aner grouss Perséinlechkeete fannen hei hir lescht Rou: Charles Dickens, Charles Darwin, Isaac Newton, Ernest Rutherford,...
D'Haaptentrée ass op der West-Säit. Um Portail fënnt een déi 4 chrëchtlech Tugenden (Wourecht, Gerechtegkeet, Barmherzegkeet a Fridden) an 10 Märtyrer vum 20. Jorhonnert.

RTL

Buckingham Palace Underground Sortie: Green Park

De Buckingham Palace ass déi offiziell Residenz vum britesche Kinnik / Kinnigin zu London. Mee hie gëtt och fir offiziell Visiten an aner Evenementer vum Stat gebraucht. Am ganze schaffe ronn 450 Leit am Palais. Zënter den 1990er Jore kann een am August a September de Westfligel besichen.
De Buckingham Palace gehéiert awer net de britesche Monarchen, mee genee sou de Windsor Castle an d'Konschtsammlung dem britesche Stat.

RTL

Big Ben Underground Sortie: Westminster

De Big Ben ass usech just déi schwéierst vun de 5 Klacke am berühmten Tuerm vum Palace of Westminster - an net de ganzen Tuerm wéi vill Leit mengen. Si weit 17 Tonnen. Den Tuerm huet eng Héicht vun 96.3m. Hei fënnt een och e Prisong dran, deen awer nëmme bis 1880 benotzt ginn ass.
Wouhir den Numm "Big Ben" kënnt, kann een net eendäiteg soen.

RTL

Trafalgar Square Underground Sortie: Charing Cross

Den Trafalgar Square ass de gréisste Square vu London an zënter dem Mëttelalter eng zentral Plaz. An der Mëtt steet en Denkmal dat un déi gewonne Schluecht vun Trafalgar erënnere soll. Um nördlechen Enn steet d'National Gallery, e ganz bedeitende Konschtmusée. Mee och déi kanadesch an déi südafrikanesch Botschaft befanne sech um Trafalgar Square.

RTL

St. Paul's Cathedral Underground Sortie: St. Paul's

St. Paul's Cathedral ass de Sëtz vun der Diözes vun der Anglikanescher Kierch zu London. Si gehéiert zu de weltwäit gréisste Kathedralen an ass, nieft Westminster, déi bekannst Kierch vun der britescher Haaptstad. Beim grousse Feier 1666 ass d'Gebai zu groussen Deeler zerstéiert ginn, gouf dono awer nees opgebaut.

RTL

Piccadilly Circus Underground Sortie: Picadilly Circus

Am West End fënnt een de Piccadilly Circus, deen eng bekannte Stroosskräizung an ëffentlech Plaz ass. Am der Géigend fënnt ee vill Geschäfter, Caféen, Theateren a Restauranten. Haut ass d'Plaz besonnesch opfälleg duerch déi grouss beliichte Reklammen.
Während der Zäit vun der Kolonisatioun an dem "British Empire" ass de Piccadilly Circus dacks als Mëttelpunkt vun der Welt bezeechent ginn.

RTL

Hard Rock Cafe Underground Sortie: Hyde Park Corner

Hard Rock Cafe'e ginn et op der ganzer Welt. Deen alleréischten dee seng Dieren opgemaach huet, war awer zu London.

Ween zu London wëll shoppe goen, dee soll folgend Étappen op kee Fall verpassen:

Bond Street - Underground Sortie: Bond Street
Regent Street -  Underground Sortie: Picadilly Circus
Oxford Street - Underground Sortie: Oxford Circus
Harrod's - Underground Sortie: Knightsbridge
Covent Garden - Underground Sortie: Covent Garden
Carnaby Street - Underground Sortie: Picadilly Circus