E geschichtlech wichtegen Evenement gouf um Samschdeg a Frankräich nogestallt, wéi d'Fregatte Hermione sech op de Wee an d'USA gemaach huet.

Déi éischte Kéier huet sech déi "original" Hermione am Joer 1780 op de Wee Richtung Amerika gemaach. U Bord war de Generol Marie-Joseph Motier, Marquis de la Fayette. Hien huet sech mat engem Trupp Zaldoten an d'USA opgemaach, fir am Onofhängegkeetskrich op der Säit vun de Koloniste géint d'Britten ze kämpfen.

A Frankräich gëllt de Marquis de la Fayette als wichteg Persoun, well hien e Lien tëscht der amerikanescher an der franséischer Revolutioun gemaach huet.

AFP: La frégate Hermione en route pour les Etats-Unis cette nuit