Expo 2010: Visite op der Weltexpo oder Weltrees en miniature

Visite op der Weltexpo: Matten am Zentrum vun der Weltstad Shanghai kann een den Ament an engem Dag en Tour ronderëm d'ganz Welt maachen.
Op 5 km2 presentéiere sech ronn 200 Länner vun alle Kontinenter op der Weltausstellung. D'Claude Zeimetz hëlt eis mat op d'Rees.
Mir fänken eisen Tour an der direkter Noperschaft vun der raschteger Lëtzebuerger Festung un, am futuristesche Pavillon vun de Briten. Scho vu wäitem gesäit een d'Konstrukt, dat aus iwwer 60.000 laangen Tuben zesummegebaut ass, an deenen e Somkär dran ass. Den Expo-Motto "Better City, better life" gëtt hei duerch en Zesummespill vun der Natur an de Stied symboliséiert.
AUDIO: De Reportage vum Claude Zeimetz fir RTL Radio Lëtzebuerg
Een anere Pavillon, deen duerch seng asymetresch Architektut aus Bast opfällt, ass de spueneschen. Bannendran gëtt de Visiteur duerch eng spektakulär Videoanimatioun gepaakt a mat vun der Steenzäit an eis matgeholl ...
D'Spotte ginn un an eng Flamenco-Dänzerin trëtt op ... Spuenien weist säi ganzen nationale Stolz, vun der Corrida, de Moler bis zum Fussball an um Enn steet de Visiteur virun engem risege Puppelchen.

Klischeeë wëllkomm!
D'Tiirkei setzt och op d'Konzept vun der Zäitrees. Den éischten Deel vum tiirkesche Pavillon ass u sech e Musée mat Schätz aus vergaangenen Zäite vun der Wéi vun der Zivilisatioun.
Déi meescht Länner gräifen op Klischeeën zréck, fir sech de Chinesen ze presentéieren. D'Dänen mat der klenger Mierjongfra, d'Belsch mat engem Manneke Piss aus Schokla oder d'Tscheschen mat engem originale Stéck vun der Karelsbréck.
Rout Kroun
An iwwert dem ganze Site trount d'"Kroun vum Orient". Mat sengen 63 Meter ass de roude chinesesche Pavillon mat senger traditioneller Architektur dräimol sou héich wéi déi aner. Op 3 Etagen féiert een d'Rees vun der traditioneller chinesescher Kultur zu Hightech, Elektroautoen a Solarenergie.

Nieft dem grousse Pavillon presentéieren d'Organisateuren och eng Rëtsch Provënzen. Direkt wann een an d'Hal erakënnt, den Tibet. Sou eng Expo ass och ëmmer eng gutt Méiglechkeet, fir politesch Messagen ze placéieren an an engem sympathesche Kader Propaganda ze bedreiwen.
Iran inclusive
Hannert Asien, fänkt dann den Orient un: Jemen, Lybien, de Qatar a souguer den Iran si vertrueden. Teheran ass fir d'alleréischte Kéier op enger Weltaustellung derbäi. De Visiteur gëtt vun enger Photo vum Ayatollah Khomeini empfaang. Den neisten Entwécklungsstand vum Iran an der Atomenergiefuerschung sicht een am Pavillon awer ëmsoss ...

D'Organisateure vun der Weltausstellung zu Shanghai hate sech als ganz éiergäizegt Zil gesat, fir déi 6 Méint 70 Millioune Visiteuren op de Site ze kréien. Dat kéint awer enk ginn, well no den éischten 3 Deeg, fir déi auserwielte Gäscht invitéiert waren, sinn d'Visiteurszuelen agebrach. En Donneschdeg ware souguer nëmme 85.500 Leit um Site. Doropps hinn, hunn d'Organisateuren och opgepasst, d'Zuelen all Stonn ze communiquéieren.