No der Rees an eng däischter Vergaangenheet geet et elo op eng däischter, awer am Fong vill méi hell Rees ënnert de Buedem.

An zwar an e richtege Gouffre, also e "Schlund" oder "Abgrund" ... an e Lach am Buedem!

Le gouffre de Padirac est l'entrée monumentale d'une cavité naturelle, situé dans le Lot en France, d'une dimension de 35 mètres de diamètre environ. Au fond de ce gouffre, à 103 mètres de profondeur, coule une rivière souterraine qui parcourt une partie d'un grand réseau de plus de 40 kilomètres de développement.

Esou dréckt e Wikipedia aus an dat trëfft et genee! En immens Laach am Buedem, den Daach vun enger Hiel war agefall. Ronderëm elo lauter Gebaier - wéinst den Touristen! Ma opgepasst: Owes ass et do wéi ausgestuerwen a wann een e bësse spéit un ass, kann et emol sinn, datt ee Krämpes huet, an der Géigend nach eppes z'iessen ze fannen oder ze kréien ...

De Gouffre de Padirac ass eppes Gewalteges - mat deemno wéi laange Schlaange virdrun - also am beschten d'Ticketen am Viraus kafen (online), dat verkierzt d'Waardezäit a schount d'Nerven.

RTL

Da geet et an de Buedem - per Lift oder Trapen no ënnen an da kann een duerch d'Äerd spadséieren an esouguer op klenge Schëffer fueren. Duerch riseg Raim, laanscht beandrockt Fielsformatiounen - Stalagmiten a Stalagtiten.

Wierklech: Epoustouflant :-)

RTL

© Google Maps

Serie "En France, s'il vous plaît!" an 10 Deeler:

Bekanntes a manner Bekanntes aus dem "Midi de la France" ...

1. Oradour-sur-Glane
2. Gouffre de Padirac
3. Rocamadour
4. Saint-Jean-de-Luz ...
5. Larressingle a Condom
6. Collioure
7. Les Orgues d'Ille-sur-Têt
8. Canigou
9. Ventoux
10. Roussillon

RTL