Oradour-sur-Glane: Däischter Vergaangenheet
Den Optakt vun eiser mini Serie vu Coup-de-coeuren aus der ënneschter Halschent vu Frankräich ...
... mécht en Duerf, dat ee just ganz schwéier als "Coup de coeur" beschreiwe kann, well et ass eng Rees an déi däischterst Vergaangenheet: Oradour-sur-Glane steet nämlech fir e ganz schrot Massaker am Zweete Weltkrich, fir e Krichsverbriechen, dat bis haut net vergiess ass an och net vergiess duerf ginn. 2014 war et de 70. Anniversaire.
Weider Informatiounen op http://www.oradour.org/
Och an der Lëtzebuerger Nationalbibliothéik fënnt een eng Rëtsch Hannergrond-Bicher iwwert de Massaker vun Oradour.

© Google Maps
Oradour-sur-Glane ass eng franséisch Gemeng mat ronn 2.400 Awunner am Departement Haute-Vienne an der Regioun Limousin. D'Duerf läit eng 200 km nordëstlech vu Bordeaux oder eng 20 km nordwestlech vu Limoges.
Den 10. Juni 1944 huet d'Waffen-SS (Schutz-Staffel) d'Duerf komplett zerstéiert a quasi all d'Awunner massakréiert. 6 hunn iwwerlieft, 642 goufen ëmbruecht, dorënner 207 Kanner an 254 Fraen. Domat ass Oradour deen zueleméisseg gréisste Massaker am Zweete Weltkrich a Westeuropa.
Op Wikipedia gëtt de Massaker esou beschriwwen:
Die Frauen und Kinder wurden in die Kirche getrieben. Die SS-Leute zündeten daraufhin die steinerne Kirche an und sprengten den Kirchturm, der in das Kirchenschiff einschlug. Außerdem warfen sie Handgranaten und schossen wahllos in die Menge. Unter den 350 in der Kirche eingeschlossenen Frauen und Kindern gelang nur der 47-jährigen Marguerite Rouffanche die Flucht. Ihr Augenzeugenbericht ist der einzige der Tat aus Opferperspektive; er wurde aber bei der Verhandlung vor dem Militärgericht in Bordeaux 1953 von mehreren SS-Mitgliedern bestätigt. Nachdem die verletzte Rouffanche zunächst im Krankenhaus von Pierre Povetin, einem Mitglied der Resistance-Vereinigung MUR befragt wurde, nahm am 13. Juni der Präfekt von Limoges eine Zeugenaussage auf, deren Zusammenfassung er an die Deutsche Waffenstillstandskommission in Wiesbaden schickte, eine reichsdeutsche Behörde für strittige Angelegenheiten zwischen Vichyfrankreich und Deutschland, die mit dem deutsch-französischen Waffenstillstand von 1940 gegründet worden war.
Die verbliebenen 181 Männer, die zuvor in Garagen und Scheunen gebracht worden waren, wurden nach dem Massaker in der Kirche ebenfalls erschossen.
Insgesamt starben 642 Menschen in Oradour, von denen später lediglich 52 identifiziert werden konnten. Unter den Toten befanden sich 207 Kinder und 254 Frauen. Nur sechs Menschen überlebten das Massaker, darunter Robert Hébras, der sich nach diesem Erlebnis dem Widerstand anschloss und nach dem Krieg als Buchautor hervortrat . Er wurde bekannt für seine Bemühungen um die Aussöhnung zwischen Frankreich und Deutschland. Hébras wurde vielfach geehrt, unter anderem wurde ihm das Bundesverdienstkreuz verliehen.
Et war eng Revanche-Aktioun vun den Nazien, well no der Landung vun den Alliéierten an der Normandie de 6. Juni 1944 de Widderstand vun der "Résistance" a Frankräich méi grouss ginn ass.

Nom Krich gouf nieft deem zerstéierten an zum Monument erkläerten Duerf en neit Oradour-sur-Glane opgebaut.
D'Iwwerreschter vum alen Duerf kann een haut nach besichtegen, alles ass gelooss ginn, wéi et war. Do ass d'Zäit stoe bliwwen, de Schock gouf agefruer a konservéiert ... En Dokumentatiounszentrum - Centre de la mémoire - informéiert iwwert d'Verbriechen.

Et ass schonn e komescht Gefill, wann een hautdesdaags als Tourist duerch d'Ruine vun der Geeschterstad trëppelt a versicht, sech virzestellen, wéi deemools d'Hell iwwert Oradour eragebrach ass an d'Liewen - vun Onschëllegen - ausgeläscht gouf. A richteg wéi deet et, wann ee sech da bewosst gëtt, datt genee esou Verbriechen haut nach ëmmer op vill ze vill Plazen op der Welt geschéien ...
Serie "En France, s'il vous plaît!" an 10 Deeler:
Bekanntes a manner Bekanntes aus dem "Midi de la France" ...
1. Oradour-sur-Glane
2. Gouffre de Padirac
3. Rocamadour
4. Saint-Jean-de-Luz ...
5. Larressingle a Condom
6. Collioure
7. Les Orgues d'Ille-sur-Têt
8. Canigou
9. Ventoux
10. Roussillon