Elo gëtt et richteg touristesch - et geet an d'Baskeland, an dat franséischt, also de pays basque, an dat spuenescht, also de país vasco ...

Eng wonnerbar Plaz, fir d'Liewen ze genéissen ass Saint-Jean-de-Luz, op Baskensch Donibane Lohitzun - scho méi laang kee Geheimtipp méi bei de Lëtzebuerger.

D'Uertschaft um Atlantik, am Golf vu Biscaya, se deelt sech mat Ciboure d'Bucht vu Socoa, huet e flotte Strand, e schéinen Zentrum mat ville Patisserien (se maachen ënnert anerem immens gutt Macronen) an eng flott Kierch, an där de Louis XIV bestuet gouf!

An et gitt eng Partie flott Plazen, wou een iesse kann - fir all Goûten a fir all Portemonnien ... Bon appétit!

Ze recommandéieren ass och en Ausfluch op La Rhune, wourop ee mat engem touristeschen Zuch fuere kann.

An natierlech dierfen 2 Excursiounen a Spuenien net feelen: Iwwer déi spuenesch Autobunne sinn déi 2 Prestige-Stied ouni Problem ze erreechen.

BILBAO, mam Guggenheim-Musée ...

SAN SEBASTIAN, einfach genial ...

San Sebastian respektiv Donostia mat senger phänomenaler Topographie, ass iwwregens 2016 Europäesch Kulturhaaptstad!

RTL

D'Susanne Jaspers an de Georges Hausemer hunn iwwert hir Liiblingsstad en vue dovun e Buch geschriwwen - Titel: Die glücklichste Stad der Welt.

RTL

En Häerz vun a fir Donostia ...

Serie "En France, s'il vous plaît!" an 10 Deeler:

Bekanntes a manner Bekanntes aus dem "Midi de la France" ...

1. Oradour-sur-Glane
2. Gouffre de Padirac
3. Rocamadour
4. Saint-Jean-de-Luz ...
5. Larressingle a Condom
6. Collioure
7. Les Orgues d'Ille-sur-Têt
8. Canigou
9. Ventoux
10. Roussillon

RTL