Haut en echte klenge Geheimtipp: D'Duerf an d'Festung Larressingle, "la plus petite cité fortifiée de France", esou de Guide Routard.

"Klein, aber fein", kann een also soen. E richtege Bijou, wann ee sech fir al Mauere begeeschtere kann. "L'un des plus pittoresques castelnaux de la région, un village de poupée surnommé la 'Carcassonne du Gers'", beschreift de Guide du routard.

D'Festung ronderëm Larressingle ass nach intakt, bannendran e puer eidel Haiser an och nach e puer bewunntener, eng däischter Kierch an 2 Terrassen. A vill Ecken a Weeër a Maueren, déi d'Gedanken op Zäitrees schécken ...

Eng flott Terrass gëtt et och an engem einfachen Hotel baussent de Maueren - ënnert enger "Treille" kann een hei iessen an drénken an d'Vue op d'Festung an - iwwerhaapt - d'Liewe genéissen.

Ronderëm Larressingle ginn et vill Wéngerten, mat deenen hiren Drauwe gëtt de berühmten Armagnac gemaach.

D'Haaptstad vum Armagnac ass iwwregens Condom (just e puer Kilometer vu Larressingle). Do gëtt et och den (zimlech einfachen) Musée de l'Armagnac, deen awer gutt iwwer de Produit opkläert.

An den Numm vun der Stad fannen d'Fransousen iwwregens net weider keck - si soe jo "Préservatif" dofir ...

RTL

Serie "En France, s'il vous plaît!" an 10 Deeler:

Bekanntes a manner Bekanntes aus dem "Midi de la France" ...

1. Oradour-sur-Glane
2. Gouffre de Padirac
3. Rocamadour
4. Saint-Jean-de-Luz ...
5. Larressingle a Condom
6. Collioure
7. Les Orgues d'Ille-sur-Têt
8. Canigou
9. Ventoux
10. Roussillon

RTL

© Google Maps