Ech presentéieren: "le joyau de la Côte vermeille". Dobäi wëll ech dat eigentlech guer net, well et si scho genuch Touristen do ;-)

An ech ginn zou: Wéi ech fir d'éischt zu Collioure ukomm sinn, war ech geschockt a genervt. No sou vill Stonnen am Auto op der Autobunn landen ech, e puer honnert Meter virum Zil, an engem Verkéierschaos. Lauter Autoen! Lauter Touristen! Guer net esou einfach, an den Zentrum ze kommen/fueren ...

An der Saison ass Collioure effektiv hoffnungslos iwwerlaf, ma Enn August, Ufank September geet et da scho besser.

RTL

An als Tourist muss ee sech ze hëllefe wëssen: Wien am Duerf selwer schléift, kann et genéissen, éier d'Dagestouriste kommen oder wann déi scho rëm fort sinn.

RTL

Firwat esou vill zu Collioure lass ass, muss jidderee fir sech beäntweren - d'Stränn sinn u sech net terribel, ma de Site ass super an do, wou vill Touriste sinn, ass d'Offer och deementspriechend grouss an deels ganz interessant.

RTL

Derbäi kënnt, datt Collioure schonn e sëllechen Artiste gutt gefall huet an ideal läit, fir Ausflich an de Pyrénées-Orientales ze ënnerhuelen oder fir an dat not Spuenien ze fueren oder einfach fir virun der Côte e bëssen ze tauchen ...

E Must: erop op de Canigou! (Dozou méi spéi méi.)

An et gëtt esouguer en Nuetszuch, deen zu Collioure hält a bis op Lëtzebuerg fiert!

RTL

Serie "En France, s'il vous plaît!" an 10 Deeler:

Bekanntes a manner Bekanntes aus dem "Midi de la France" ...

1. Oradour-sur-Glane
2. Gouffre de Padirac
3. Rocamadour
4. Saint-Jean-de-Luz ...
5. Larressingle a Condom
6. Collioure
7. Les Orgues d'Ille-sur-Têt
8. Canigou
9. Ventoux
10. Roussillon

RTL
RTL