Les Orgues d'Ille-sur-Têt: Eng kleng Moundlandschaft

Loscht op e bësse Mound-Landschaft? Hei en Ausfluchstipp, deen ee labber vu Collioure aus maache kann, awer net muss ...
Et geet op Ille-sur-Têt, den Numm vum Duerf gëtt "iye" ausgeschwat an den Têt ass de Floss, un deem se läit.
D'Haaptsehenswierdegkeet sinn d'Uergelen, les Orgues, en eenzegaartegen "amphithéâtre naturel de roches sédimentaires de 4 millions d'années" (Routard) an de ganze Pyrenäen.
Duerch déi hell Steng féiert e klengen Trëppelwee - wann een an der Géigend ass, firwat net?
Weider Informatiounen op http://www.ille-sur-tet.com/

Katalounien, wat soss :-)
Allerdéngs ginn et eng Hellewull vu flotten Destinatiounen an dëser Géigend, am Dall vum Têt westlech vu Perpignan.
Zum Beispill d'Kënschtlerduerf Céret ...

À vous de choisir ...

Serie "En France, s'il vous plaît!" an 10 Deeler:
Bekanntes a manner Bekanntes aus dem "Midi de la France" ...
1. Oradour-sur-Glane
2. Gouffre de Padirac
3. Rocamadour
4. Saint-Jean-de-Luz ...
5. Larressingle a Condom
6. Collioure
7. Les Orgues d'Ille-sur-Têt
8. Canigou
9. Ventoux
10. Roussillon
