Le Pic du Canigou: de mythesche Bierg vun de Katalounen
Wa scho Collioure, dann och de Canigou!
Um Programm vun haut steet de Pic du Canigou oder Canigó, wéi en op Katalanesch heescht, ëmmerhi beweege mer eis hei a Katalounien oder a Catalunya respektiv Cataluña, wéi se déi aner Säit vun de Bierger, a Spuenien, soen. De Canigó gëllt als mythesche Bierg vun de Katalounen, als hiren Olymp, och wann e mol keng 2.800 Meter héich ass an den Opstig éischter eng besser Wanderung ewéi eng richteg Kloterpartie ass.
Awer eng, déi Spaass maache kann!
Eng fir "Grenzgänger" :-)
Weider Informatiounen op http://www.tourisme-canigou.com/

Serie "En France, s'il vous plaît!" an 10 Deeler:
Bekanntes a manner Bekanntes aus dem "Midi de la France" ...
1. Oradour-sur-Glane
2. Gouffre de Padirac
3. Rocamadour
4. Saint-Jean-de-Luz ...
5. Larressingle a Condom
6. Collioure
7. Les Orgues d'Ille-sur-Têt
8. Canigou
9. Ventoux
10. Roussillon
