Le Mont Ventoux: Pedallen a Petrarca
Nom Canigou direkt nach e mythesche Bierg: de Ventoux! Bei de Lëtzebuerger vläit nach méi bekannt wéi deen an de franséisch-spuenesche Pyrenäen.
Mam Ventoux associéieren dee meescht wuel: Cyclissem!
De wäisse Bierg mat senger Stengwüst ass an der Tat immens beléift bei Cyclisten - iwwregens bei Amateuren ewéi bei Profien, well och beim Tour de France steet de Ventoux ëmmer mol nees um Programm ...
Ech verbanne mat dem Bierg éischter de Francesco Petrarca. Deem säi Wierk, eigentlech e Bréif, mam Titel "Die Besteigung des Mont Ventoux" ass datéiert op de 26. Abrëll 1336 ... d'Bichelche gëllt als den Ursprong vum modernen Alpinismus (woumat ech awer och näischt um Hutt hunn). Et war schonn aussergewéinlech, datt een - ouni Grond - einfach esou - op e Bierg klëmmt ...

Dacks hat ech de Ventoux vu Wäitem gesinn, ouni op en erop ze fueren an och deen éischte konkrete Versuch gouf abrupt kuerz virum Zil avortéiert: "Dir kënnt net weider, mir dréien uewen e Film." Abee Merci! Bon, den Dag drop huet et awer nach geklappt :-)
An et ass der Wäert! Schonn eng extraordinaire Landschaft mat extraordinairer Vue!
Ma och d'Alentoure sinn der Wäert: Flott Restauranten, vill gudde Wäin an Olivenueleg a vill flott Plazen, wou een ënnerkomme kann ...
Zum Beispill La bastide de Brurangère (Fotoen an der Galerie) oder Le Mas du temps vun der lëtzebuergescher Koppel Sylvie a Gilles REITER zu Mazan.
Serie "En France, s'il vous plaît!" an 10 Deeler:
Bekanntes a manner Bekanntes aus dem "Midi de la France" ...
1. Oradour-sur-Glane
2. Gouffre de Padirac
3. Rocamadour
4. Saint-Jean-de-Luz ...
5. Larressingle a Condom
6. Collioure
7. Les Orgues d'Ille-sur-Têt
8. Canigou
9. Ventoux
10. Roussillon

© Google Maps