Roussillon-en-Provence: Giel, rout, brong ...
Zum Ofschloss nach e Klassiker a waarme Faarwen ...
... mat alt nees engem Duerf, an deem sech d'Touristen op d'Féiss trëppele kënnen, ma och nees mat engem Site, deen absolut der Wäert ass, entdeckt ze ginn (falls een en nach net sollt kannt hunn): de Steebroch vu Roussillon, aus deem ee Faarwe gewonnen huet. (D'Duerf ass iwwregens net ze verwiessele mat der Regioun Languedoc-Roussillon.)
Giel-, Rout-, Brong-Téin esou vill, wéi een der wëll - mam Gréngs vun der Vegetatioun an dem Blo vum Himmel: Wat wëll ee méi tanken, fir mat heem ze huelen an nach laang, laang vun der Vakanz ze profitéieren? Vu Roussillon kann ee souguer nach de Ventoux erblécken ... also seng hell stenge Spëtzt!
Bon voyage! Wherever, whenever ...

Serie "En France, s'il vous plaît!" an 10 Deeler:
Dat war Bekanntes a manner Bekanntes aus dem "Midi de la France". Ech hoffen, et huet Iech gefall an inspiréiert ;-)
Iwwersiicht:
1. Oradour-sur-Glane
2. Gouffre de Padirac
3. Rocamadour
4. Saint-Jean-de-Luz ...
5. Larressingle a Condom
6. Collioure
7. Les Orgues d'Ille-sur-Têt
8. Canigou
9. Ventoux
10. Roussillon