Ween un Andalusien denkt, denkt u säfteg Orangen, leidenschaftleche Flamenco a beandrockend Gebaier aus vergaangenen Zäiten.

Andalusien huet vill Gesiichter: Engersäits déi dréche Géigend mat der traditioneller Kultur, enger passionéierter Gesellschaft a jorhonnertenale Bräich. Eng ganz Regioun, déi als Grenzland tëscht 2 Reliounen - dem Islam an dem Chrëschtentum - déngt. Als Kierchen getarnte Moscheeën, immens schéin dekoréiert Palaisen, e Musekgenre voller Leidenschaft an eng Landschaft, déi duerch hir Natierlechkeet ka begeeschteren.

Op der aner Säit d'Costa del Sol - déi touristesch Héichbuerg. Hei fënnt ee riseg Hotelskomplexer, onendlech Plagen op deene sech Eltere mat Kanner an d'Party-Vollek aus ganz Europa ameséieren.