Collodi, d'Duerf vum Pinocchio
Eng hallef Stonn hanner Pisa läit Collodi, wat am Volleksmond och Pinocchio-Duerf genannt gëtt.
..wien op d’Rees geet, dee weess eppes ze verzielen, sou heescht et am Sprachwuert. Dat stemmt, mengt och de Christian Schmit, an ass dobäi och nach op e Personnage aus senger Kandheet gestouss.
Mir kennen deen iwwregens och alleguer, de Pinocchio...dee mat der laanger Nues, dir wësst schonn...
An dëse Pinocchio ass zu Collodi doheem. Dat läit am Norde vun der Toskana, eng gutt hallef Stonn hannert Pisa.
Am Volleksmond schwätzt jidderee vum Pinocchio Duerf. Datt, well säi Créateur, de Schrëftsteller Carlo Lorenzini, Pseudonym Collodi, hei am 19. Jorhonnert seng Kandheet verbruecht huet. Hien ass den Auteur vum weltberühmte Roman mat den Aventuren vum Pinocchio.
De groussen Erfolleg vun dësem Roman koum eigentlech eréischt nom Dout vum Carlo Lorenzini am Joer 1890. 1881 gouf eng éischte Kéier eng Geschicht iwwer De Pinocchio, alias “hëlzene Bengel” publizéiert. Dat an der neier Kannerzäitschrëft “Giornale per i bambini” zu Roum.
Als Erwuessene sollt hien nach dacks zeréck op Collodi, an dat charmant Dierfchen kommen. Deem seng Haiser hannert engem Schlass, der Villa Garzoni, wéi geséint ganz pittoresk am Hank leien. Vum “village cascade” geet hei riets a wann een duerch déi verwénkelt Gaassen trëppelt, huet een d’Impressioun, dass Zäit tatsächlech stoe bliwwe wier.
Zenter 2009 sprengt engem scho vu wäitem de Pinocchio an d’A. E kolossaalt Monument, wat vun der Fondatione Nazionale Carlo Collodi opgeriicht gouf, ass ganzer 16 Meter héich, a weit nobäi 14 Tonnen.
Gläich hannendrun heescht et dann wëllkomm am Pinocchio Park Collodi. Hei gëtt de Pinocchio zënter 1956 fir grouss a kleng opliewe gelooss an natierlech ginn et hei Pinocchioe an alle Gréissten a Variatiounen.
De Kannerpark ass awer och eng Plaz, wou bekannten italienesch Kënschtler en Hommage un de Carlo Lorenzini realiséiert hunn.
Am Pinocchio Musée steet och dem Gepetto säin Atelier. Deen hat jo de Pinocchio aus engem Stéck Holz, wat am Kamäin sollt landen, awer erausspréngt, iwwer Nuecht zur Marionette geschnëtzelt. Hannert Glasvitrine kann een och original Bicher vum Borscht mat der laanger Nues, déi beim Léien ëmmer weider wiisst, gesinn.
Ganz Famillje verbrénge gären e puer Stonnen am Park op de Spuere vum Pinocchio sengen Aventuren. Mat dobäi och d’Fee, d’Grill, den Iesel, de Kueder an de Fuuss, de Kutscher, Meeschter Kiischt, de Walfësch, an all di aner kromm Gestalten, deenen de Pinocchio esou begéint...
Et begéint ee net nëmmen Italiener, déi op Collodi pilgeren, a wann een de Visiteuren esou nokuckt, da freet ee sech munnechmol, wien méi begeeschtert ass, d’Kanner oder d’Elteren.
D’Buch gouf e Bestseller an a ville Sproochen iwwersat, op de klengen an op de groussen Ecran huet de Pinocchio et natierlech och gepaakt.
Eigentlech war hien et schonn, mä d’Fondazione Nazionale Carlo Collodi huet den "hëlzene Bengel” definitiv onstierflech gemaach.
Also wann dir eng Kéier an der Toskana sollt ënnerwee sinn, da fuert och dir op Collodi, der Heemecht vum Pinocchio...