Wat mech am Hotel am meeschten nervt!

Et ginn Hotellen, do klappt alles. An et ginn Hotellen, do klappt näischt. An da ginn et déi dertëscht. - E puer grouss a kleng Klengegkeeten, déi nerven.
Eng propper Plage mat schéine Palmen a waarmen Mier. En Infinity-Pool, an deem ee lecker Cocktailen zerwéiert kritt. Personal, dat engem all Wonsch vun de Lëpsen ofliest. An Zëmmeren esou grouss, datt ee sech dra verleeft.
Jo, jo, op de Fotoe gesäit meeschtens alles super aus an déi eege Fantasie dréit dann och nach hiert dozou bäi, datt d'Erwaardungen un den Hotel héich sinn, ganz héich souguer ... oder vill ze héich?

Ech hoffen, Dir hat eng schéi Vakanz. An ech wënschen Iech, datt just déi schéi Souveniren an Ärer Erënnerung bleiwen. Normalerweis ass dat jo de Fall an an der Reegel ass dat jo och eng gutt Eegeschaft vum Mënsch: Et erënnert ee sech virun allem un dat, wat schéin, gutt a flott war.
Wat dobäi verluer geet, dat sinn dacks déi Klengegkeeten, aus deenen een zwar kee "Cas" gemaach huet, déi een awer genervt, rosen oder traureg gemaach hunn.
Nee, ech schwätzen net vun de "Katastrofen": Wann nieft engem Hotel e Schantjen ass, op deem esou vill Kaméidi gemaach gëtt, datt ee keen A zoumaache kann, dann ass dat natierlech en NoGo. Genee esou wéi wann een alles héiert, wat um Gank lass ass an an den Nopeschzëmmere geschitt. Oder wann den Hotel eng eenzeg Service-Wüst ass. Dann ass dat natierlech méi wéi just eng bedauerlech Klengegkeet, déi net geklappt huet, wéi eng Gaffe, déi einfach passéiert, oder en Oubli, dee jidderengem vun eis emol virkënnt.
Hei an dëser - reng subjektiver - Top Ten geet et awer virun allem dorëm - ëm déi kleng Saachen, déi, déi net terribel schlëmm sinn an engem awer op de Geescht, op d'Nerven, op d'Strëmp, op de Wecker ginn - oder besser: goe kënnen, well natierlech spillen ëmmer vill Facteure mat. Dee wichtegsten: déi eege Stëmmung, ma och d'Plaz, d'Wieder, d'Begleedung an natierlech de Präis ... Si all entscheede mat, ob een eppes elo schlëmm fënnt oder net.
10 Saachen, déi mech an engem Hotel stéieren
Fir net direkt rëm alles ze vergiessen, hat ech an de leschten Hotellen ëmmer Blat a Bic parat. Hei e puer Saachen, déi mer negativ opgefall sinn, vun 10 bis 1, ëmmer méi grave:
10. Wann een e Bändchen undoe muss, fir sech als Gaascht auszeweisen
09. Live-Musek beim Owesiessen
08. Plastiksplanzen, fir ze dekoréieren
07. Pabeierszerwéiten
06. Keng Dicher bei der Piscine
05. E Parking, dee kascht
04. Rabbeleg Bëbees- oder Kannerbetter
03. Eng Mini-Bar, déi eidel ass (nach méi schlëmm: net ugeschloss ass)
02. Keng uerdentlech an häerzeg Begréissung beim Anchecken
01. Kee Gratis-Wifi

Natierlech ass dës Lëscht just e perséinleche Best-of, bon, éischter e Worst-of. Net op d'Lëscht gepackt hunn et (och wann déi Defaute genee esou drop gehéiert hätten):
- keng Timberen an der Lobby ze kréien
- Owes spéit gëtt et néirens méi eppes ze drénken
- kee Kannerstillchen am Iesssall
- ultra banal Kannermenuen
- kaum valabel vegetaresch Alternativen
- schlecht Omeletten um Moiesbuffet
- Toilettepabeier, deen näischt daacht
- kee Kleeder-Krop op der Toilett (wouhi mat der Jackett?)
- Kee Stopp am Lavabo (just en dreckegt Lach)
- Kreditkaarten net acceptéiert
- Dollarschäiner iwwer 20 Dollar ginn net ugeholl
- keng uerdentlech Remisë fir Kanner
- Dreckseemeren, déi net eidel gemaach goufen
- Dieren, déi klemmen
- e Pool, deen eidel ass
- keng Infobrochure um Zëmmer
- "Early Check-out" a mol kee Breakfast-Bag proposéiert
- d'Impressioun, datt einfach alles kascht
- d'Impressioun, datt alles ouni Léift gemaach ass
- ...

Schued ass ëmmer, wann een Hotel mat Potenzial net ganz propper, net ganz gefleegt ausgesäit, esou datt ee spiert, e bleift ënner senge Méiglechkeeten, e misst emol renovéiert ginn.
Zum Gléck, wéi schonn uewe bemierkt, behält ee virun allem dat Schéint an Erënnerung an no der éischter Nuecht sinn d'Saachen, déi een den éischten Ament nerven, schonn dacks guer net méi esou schlëmm. Et gewinnt ee sech un alles ...
Egal wéi: Deen nächste Congé kënnt bestëmmt!
An et gi jo och Plazen, wou ee souguer gratis heem telefonéieren dierf, wou ee moies um Kaffi e Picknick mathuelen dierf, wou een als Äddi e Pak mat Kamellen a Gedrénks matkritt. A wou ee waarmen Accueil selbstverständlech ass, esou datt ee sech do wéi an enger Oas fillt.
Dofir: Schéi Vakanz an e flotten, léiwen Hotel gewënscht :-)

* Fir all Malentendu ze evitéieren: Ech hat eng wonnerbar Vakanz! ;-)