Mysteriéis, megalithesch Stengkugelen a Costa Rica
Virun allem am Süde vun deem mëttelamerikanesche Land goufen Honnerten där "Bullen" fonnt - wie se gemaach huet a firwat se gutt waren, ass net gewosst.
Sécher ass awer, datt se e puer Honnert, wann net esouguer wäit iwwer dausend Joer al sinn.
Tëscht 300 a 600 Kugelen, op Spuenesch "Esferas", sollen et ginn. D'Zuele gi wäit auserneen, wat wuel och domat ze dinn huet, datt een där Kugelen op ville Plaze fonnt huet an datt der ganz vill am Laf vun de Jore geréckelt goufen. Vill verschéineren haut zum Beispill privat Gäert.
Et ginn awer och e puer archeologesch Sitten, wou een d'Kugele kucke kann an och e puer Informatiounen dozou kritt. Een dovun ass d'Finca 6 an der Géigend vun der Stad Palmar Sur. D'Kugelen leien hei quasi an enger Bananneplantage, duerch déi e puer Weeër ginn.
An do kann ee mol vun engem Schluet iwwerrascht a gutt geduscht ginn ...
D'Kugele goufen iwwregens vun der Unesco als Weltkulturierwen agestuft. Dat war den 23. Juni 2014.

Och dat ass Costa Rica: Dschungel am Nordoste vum Land.
Verschidde Kugele sinn éischter kleng, mat engem Duerchmiesser vu just e puer Zentimeter, anerer si richteg grouss a schwéier: en Duerchmiesser vun 2,5 Meter an e Gewiicht vu bis zu 16 Tonnen.
Et geet een dovun aus, datt se präkolumbesch sinn a vum Vollek vun de Boruca. Bei verschiddene Kugele goufe Keramiksaachen aus der Zäit 200 v. Chr. bis 600 n. Chr. fonnt, bei anere Spuren aus der Zäit ëm 1000 bis 1500 n. Chr.
Déi meeschte Kugele leien am Süde vu Costa Rica, no un der Pazifikküst an net wäit vu Panama ewech.
E puer Kugele goufen och op enger Insel fonnt ... wou et déi Zort Steen, aus där se sinn, guer net gëtt ...
Iwwerhaapt sinn den Transport an d'Schafe vun den - perfekt ronnen - Steng e grousst Rätsel.
Natierlech ginn et och Leit, déi behaapten, d'Kugelen oder d'Sphäre wiere vun Ausserierdesche geschafe ginn. Den Erich von Däniken an de Juan José Benitez vertrieden dës Thes, awer ouni Beweiser ...

Sécher ass: Wëll een eppes méi iwwer d'Stengekugele gewuer ginn, da brauch een nach vill Fuerschungsaarbecht an deemno wéi och vill Gléck, fir konkret Indicen - am Urbësch - ze fannen - bei Steng, déi nach net geréckelt goufen.
Touristesch ass Costa Rica wesentlech besser opgestallt wéi seng Nopeschlänner, ma aus den "Esferas de piedra" oder "Petroesferas" schléit ee bis elo erstaunlech wéineg Kapital. Hei läit also nach Potenzial ...