Hëllef am Nepal: Waasser, Hygiène, Grondversuergung

Reconstructioun a Rehabilitatioun am Nepal no den Äerdbiewen am Fréijoer 2015 - éischten Deel. - Visite am Duerf Sarasyunkharka am Distrikt Kavre.
Den 30. an 31. Oktober 2015 war eng Delegatioun vun Aide à l’Enfance de l’Inde (AEI) an zwee Dierfer am Nepal ënnerwee, déi an den Äerdbiewe vum Fréijoer 2015 verwüst gi waren. AEI wëll do vun Ufank 2016 un zwee Reconstructiouns- an Rehabilitatiounsprojeten ënnerstëtzen a war dofir sur place, fir sech e geneet Bild vun der aktueller Situatioun ze maachen.
D'Deplacementer innerhalb vum Nepal sinn dee Moment doduerch erschwéiert ginn, dass Indien aus politesche Grënn d’Grenz zum Nepal, deen ofhängeg ass vun Importer aus Indien, zougemaach hat. No e puer Deeg gouf et ë.a. praktesch kee Bensin oder Diesel fir d'Autoen, d'Motoen oder d'Busse méi. Um Schwaarzmaart sinn d'Präisser heifir explodéiert: Bis zu 5 Mol méi wéi soss hunn d'Nepalese fir ee Liter Bensin oder Diesel musse bezuelen. Schliisslech huet China, no Negociatioune mam Nepal, sech bereet erkläert, Bensin, Diesel a Gas ze liwweren.
Éischten Deel: Visite am Duerf Sarasyunkharka am Distrikt Kavre – 30. Oktober 2015
D’Duerf Sarasyunkharka läit am Distrikt Kavrepalanchok (Kavre) am Nepal, e puer Autostonne vu Kathmandu ewech.

Déi eenzel Deeler vun der Gemeng sinn iwwert e puer Hiwwele verspreet a mam Auto schwéier zougänglech. Den Dag, éier d’Delegatioun vun AEI d’Duerf besicht huet, hat et gereent, wat d’Strooss nach méi schwéier befuerbar gemaach huet: Ëmmer nees hunn de Chauffeur an déi nepalesesch Begleeder mussen aus dem Auto klammen an d’Strooss fräi maachen.
D’Äerdbiewe vum 25. Abrëll an dem 12. Mee 2015 haten dëst Duerf schwéier getraff. All d'Haiser (1.226 Stéck) si beschiedegt ginn, genee esou wéi och Schoulen an der Gemeng (Grondschoulen a Secondaire), den Dispensaire fir medizinesch Hëllef a Reservoirë fir Drénkwaasser.
Aide à l’Enfance de l’Inde (AEI) schafft säit den 1990er Jore mat nepalesesche Partnerorganisatiounen zesummen an de Beräicher vun der Stäerkung vun de Fraerechter an der Gesondheet vu Fraen, der Educatioun an der Gesondheet vu Kanner a Jugendlechen, der biologescher Landwirtschaft asw.

Frae virun hirem provisoreschen Doheem.
No den Äerdbiewen dëst Joer huet AEI vill generéis Done kritt - hei, wat d'Organisatioun domat gemaach huet:
Een Deel, 20.000 Euro, hu mer direkt un eis Partenairen am Nepal fir Nouthëllef iwwerwisen. De Rescht hu mer versuergt, fir kënnen a Reconstructiouns- a Rehabilitatiounsmesuren ze stiechen. D’Rees an den Nepal Enn Oktober/Ufank November 2015 war dofir do, fir déi zwee Dierfer ze besichen, an deenen eis Partenairen an deem Kader wëlle schaffen. Mir hu mat eiser Partnerorganisatioun "Association for Rural Development (ARD)" ausgemaach, dass si ab Januar 2016 innerhalb vun 2 Joer, also bis Enn Dezember 2017, sollen 11 Schoulen an der Gemeng Sarasyunkharka nei opriichten oder reparéieren, an dat äerdbiewesécher. Et ass esou, dass d’nepalesesch Regierung der Gemeng Sue ginn huet no den Äerdbiewen, fir dass si konnt provisoresch Klassenzëmmeren opriichten. Mä et ass awer net virgesinn, dass si weider Sue gëtt, fir eng fest Struktur ze bauen. AEI ënnerstëtzt dofir och, dass déi nei opgeriichten a gefléckte Schoule mat pädagogeschem Material ausgestatt ginn, well dat aalt Léiermatieral komplett zerstéiert ginn ass. 5.500 Kanner wäerte vun den nei opgeriichten an ausgestattete Schoule kënne profitéieren.
Den Dispensaire, dee momentan an engem provisoresche Gebai ënnerbruecht ass, wat awer och Rëss an de Maueren huet, soll nei opgebaut ginn. Dësen Dispensaire ass déi eenzeg Méiglechkeet, deen d’Awunner vun der Gemeng hunn, fir sech medizinesch betreien ze loossen. Dat nächst Spidol ass e puer Stonne mam Auto wäit ewech.

De provisoreschen Dispensaire an engem Gebai mat Rëss an der Mauer.

Aacht Waasserreservoiren, déi an den Äerdbiewen zerstéiert gi sinn a momentan entweder guer kee Waasser méi liwweren oder awer dreckegt Waasser, ginn nees an d’Rei gesat. Doduercher wäerten 48 Familljen nees Zougang zu propperem Drénkwaasser hunn.

Zerstéiert Waasserreservoiren.

Fir d’Hygiène am Duerf weider ze verbesseren, sollen 18 ëffentlech Poubellen opgeriicht ginn. Des Weidere sollen 90 kleng Kanner (tëscht 0 an 1 Joer) Zousazliewensmëttel kréien, fir hir Gesondheet ze verbesseren.

Jonk Mamm mat Baby am Duerf Sarasyunkharka.
Weiderhi kréien 63 Familljen, gréisstendeels allengerzéiend Mammen, eng finanziell Ënnerstëtzung, fir hir landwirtschaftlech Aktivitéiten nees opzehuelen, déi se duerch d'Äerdbiewe verluer haten: 21 Famillje kréien eng Plastikszär fir Geméisubau, 21 Famillje kréie Kéi, Büffelen oder Geessen an 21 Familljen kréie Geseems fir hiert Feld. Doduercher hunn dann am Ganzen eng 300 Persounen e geséchert Akommes.

Felder am Duerf Sarasyunkharka.

Schliisslech kréien d’Duerfbewunner alleguerten eng Formatioun, fir dass si op eventuell zukünfteg Naturkatastrophe besser virbereet sinn.

Duerfversammlung zu Sarasyunkharka
De Gesamtbudget, deen AEI wäert iwwert déi 2 Joer an de Projet investéieren, beleeft sech op eng 151.032 Euro, cofinanzéiert vun der Lëtzebuerger Cooperatioun.

Kanner zu Sarasyunkharka
Weider Informatiounen zu AEI an de Projeten am Nepal an an Indien fannt Dir op: www.aei.lu.

Kanner zu Sarasyunkharka