Hëllef am Nepal: Nom Äerdbiewen elo d'Keelt

Reconstructioun a Rehabilitatioun am Nepal no den Äerdbiewen am Fréijoer 2015 - zweeten Deel. - Visite am Duerf Bisdeutar am Distrikt Sindhupalchowk.
Den 30. an 31. Oktober 2015 war eng Delegatioun vun Aide à l’Enfance de l’Inde (AEI) an zwee Dierfer am Nepal ënnerwee, déi an den Äerdbiewe vum Fréijoer 2015 verwüst gi waren. AEI wëll do vun Ufank 2016 un zwee Reconstructiouns- an Rehabilitatiounsprojeten ënnerstëtzen a war dofir sur place, fir sech e geneet Bild vun der aktueller Situatioun ze maachen.
D'Deplacementer innerhalb vum Nepal sinn dee Moment doduerch erschwéiert ginn, dass Indien aus politesche Grënn d’Grenz zum Nepal, deen ofhängeg ass vun Importer aus Indien, zougemaach hat. No e puer Deeg gouf et ë.a. praktesch kee Bensin oder Diesel fir d'Autoen, d'Motoen oder d'Busse méi. Um Schwaarzmaart sinn d'Präisser heifir explodéiert: Bis zu 5 Mol méi wéi soss hunn d'Nepalese fir ee Liter Bensin oder Diesel musse bezuelen. Schliisslech huet China, no Negociatioune mam Nepal, sech bereet erkläert, Bensin, Diesel a Gas ze liwweren.
Zweeten Deel: Visite am Duerf Bisdeutar am Distrikt Sindhupalchowk – 31. Oktober 2015
D’Duerf Bisdeutar läit am Distrikt Sindhupalchowk am Nepal.

© Wikipedia
Et muss een e puer Stonne mam Auto op enger relativ schlechter Strooss fueren, éier een da bei e Floss kënnt, deen een och mam Auto duerchfuere muss. Dee leschten Hiwwel muss een dann zu Fouss bis bei d’Duerf eropgoen.
D’Äerdbiewe vum 25. Abrëll an dem 12. Mee 2015 haten dëst Duerf ganz schwéier getraff. Déi 54 Familljen, déi hei wunnen, hunn alleguerten hiert Haus verluer. Si hunn temporär Abrien aus Wellblech oder Zelter op der eenzeger fräier Fläch, déi hinnen zur Verfügung stoung, nämlech hire Felder, opgeriicht, well et am Duerf selwer tëscht de Ruine vun den Haiser momentan ze geféierlech ass, ze wunnen. Doduercher konnte si dëst Joer awer hier Felder net bewirtschaften, esou dass hier economesch Situatioun elo immens prekär ass.
D'WOREC (Women’s Rehabilitation Centre), eng vun den nepalesesche Partnerorganisatioune vun Aide à l’Enfance de l’Inde (AEI), hat am Duerf selwer e puer Deeg no dem éischten Äerdbiewen de 25. Abrëll 2015, Nouthëllef geleescht, mat Sue vun AEI, déi mir dank de generéisen Donateuren hei zu Lëtzebuerg sammele konnten.

Den 31. Oktober 2015 huet eng Delegatioun vun AEI, zesumme mat WOREC, Bisdeutar besicht. An no enger Reunioun mat den Duerfbewunner hu mir festgehalen, dass WOREC, mat der finanzieller Ënnerstëtzung vun AEI bis Enn 2017, de 54 Familljen am Duerf hëllefe wäert, hir Haiser nees nei opzebauen, an dat äerdbieweresistent.

Weiderhi wäerten och Gesondheetscampen organiséiert ginn, fir d’Bevëlkerung am Duerf medizinesch ze betreien: Mir hunn nämlech op der Plaz misse feststellen, dass déi gesondheetlech Situatioun, virun allem vun de Kanner, schlecht ass: Am Nepal, wéi hei zu Lëtzebuerg, steet de Wanter virun der Dier, an an den net isoléierte Wellblechhütten ass et besonnesch nuets scho kal a fiicht. Schliisslech sollen déi Erwuessen och dobäi ënnerstëtzt ginn, hir landwirtschaftlech Aktivitéiten nees kënnen opzehuelen, fir dass se economesch nees kënnen op eegene Féiss stoen, ouni, wéi esou vill Nepalesen, mussen an Indien oder an d’Golfstaaten ze migréieren, fir do kënnen eng Aarbecht ze fannen.

De jonke Buergermeeschter vu Bisdeutar
De Gesamtbudget, deen AEI dem Partenaire WOREC am Kader vun dësem Reconstructiouns- a Rehabilitatiounsprojet zu Bisdeutar wëll zoukomme loosse bis Enn Dezember 2017, beleeft sech op ronn 150.000 Euro.
Weider Informatiounen zu AEI an eise Projeten am Nepal an an Indien fannt Der op: www.aei.lu
oder rufft AEI un op der Tel.nr. 47 21 55 (Kathy Ludwig).