Eng Strooss. E Mythos. 2448 Meilen, ronn 3940 Kilometer Macadam. D'Mamm vun allen Highways, an awer eng Landstrooss. America’s Mainstreet. D'Route 66.

Op der Sich no der Amerikanescher Séil a no authentesche Produitë fir Americana.lu, deen eenzegen Online Shop zu Lëtzebuerg, deen op Amerikanescht Gedrénks, Iessen an Accessoirë spezialiséiert ass, hunn zwee Lëtzebuerger sech op de Wee gemaach. 2 Woche vu Chicago bis Los Angeles.

Hei geet alles un: Chicago, Stadzentrum. Nëmmen e puer Meter vum Anish Kappor senger chroméierter Kniddel. (D'Skulptur heescht offiziell „Cloud Gate“ an ass mat Recht fir Chicago, wat den Eiffeltuerm fir Paräis ass.) Zimlech verstoppt steet d'Schëld an enger Niewestrooss: Historic Route 66. De Start.

Firwat „Historic“? Well et d'Strooss eigentlech net méi gëtt. Well se zanter de 70er Joren ëmmer méi aus- an iwwerbaut ginn ass, streckeweis contournéiert an ëmbenannt gouf. Eréischt déi läscht puer Joer - Legends may sleep, but they never die! - gouf se als wichtegen Deel vum kulturelle Patrimoine erëmentdeckt, gëtt d'Strooss restauréiert an nei en Valeur gesat.

Vum Zentrum geet et queesch duerch d'Viruerter, fir d'éischt laanscht prachtvoll Héichhaiser, dann op eemol duerch Géigenden, wou ee sech Owes léiwer net ze Fouss verléiert. Endlech kennt een aus der Agglomeratioun eraus, an d'Route 66 weist fir d'éischte Kéier hiert eigentlecht Gesiicht: dat vun enger Landstrooss, sou wéi mir se och aus Europa kennen. Zum Deel souguer nach ouni Macadam, mä aus einfachen Zillen. 301 Meilen duerch den Illinois. D'Land vun de Blues Brothers a vum Abraham Lincoln.

D'Route 66 bréngt een hei duerch eng ganz Rei sympathesch Klengstied, mat sou illustren Nimm wéi Joliet (do steet de Prisong aus Prison Break), Odell, Pontiac (wéi d'Autosmark, déi et net méi gëtt), Lexington, Bloomington, Lincoln (benannt nom President, an net ëmgedréint), oder och nach Sherman (wéi de Panzer). Hei fënnt een déi typesch amerikanesch Uertschaften aus dem Billerbuch, mat enger zentraler Plaz, dem Geriichtsgebai an der Mëtt, de Commerce ronderëm, dem Gemengenhaus an der Kierch direkt donieft.

An engem Dag kënnt ee gutt vu Chicago bis op Springfield, d'Haaptstad vum Illinois. Wie lo allerdéngs mengt, hei géif een d'Simpsons fannen, dee läit falsch. Et gëtt nach net mol eng Allusioun op déi giel Männercher gemaach, an Duff Béier gëtt et och keen ze drénken. Springfield huet zwar direkt 2 Capitoler (een „neien“ an een uralen, deen iergendwann ze kleng gi war), 2 Lincoln Muséeën (inklusiv dem Lincoln säin Haus), 5 Lincoln Statuen, 1 (impressionant) Lincoln Graf, 1 Héichhaus (dat ass en Hotel) an eng ganz Rei souguer zimlech flott Caféen, mä alles an allem ass do net méi lass wéi um Kierchbierg op engem Sonndegnomëtteg.

Also weider op der 66, weider a Richtung Süd-West, weider a Richtung…Springfield! Fir et direkt ze soen: Springfield, Missouri ass nach vill méi ee Lach, wéi Springfield, Illinois. Mee dozou méi eng aner Kéier...